The Da Vinci Code (Roman)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roman The Da Vinci Code (de:Sakrileg. The Da Vinci Code) ass en Thriller vum Dan Brown, deen am Joer 2003 erauskomm ass. De Roman ass a 44 Sproochen iwwersat a weltwäit iwwer fofzeg Millioune Mol verkaf ginn (Stand: Mee 2006).
Während d'Charakteren an hir Handlungen am Buch fiktiv sinn, existéieren di verschidden Konschtwierker, d'Architekur, di beschriwwen Dokumenter, Organisatiounen a geheim Ritualer a Wierklechkeet.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
De Robert Langdon, e Symbolik-Fuerscher vun Harvard, ass aus beruffleche Grënn zu Paräis. Eng Kéier mueres kritt hien e mysteriéisen Telefonsuruff. Hie kritt matgedeelt, datt den Direkter vum Louvre, den Jacques Saunière matten an der Nuecht virum Bild vum Mona Lisa ëmbruecht gouf. Op der Plaz erkennt de Langdon, datt den Doudegen duerch verstoppten Hiwäiser op d'Wierker vum Leonardo da Vinci him eppes matdeele wëll. Hien a dem Saunière säi Kandskand, d'Sophie Neveu, Kryptologin bei der Paräiser Police, fannen Spure déi de grujelege Muerd erklären an op e Komplott hindeiten.
[Änneren] Den éischte Saz
"Robert Langdon awoke slowly."
[Änneren] Di verschidde Charakteren am Buch
- Robert Langdon
- Jacques Saunière
- Sophie Neveu
- Bezu Fache
- Silas
- Bishop Manuel Aringarosa
- The Teacher
- André Vernet
- Sir Leigh Teabing
- Rémy Legaludec
- Lieutenant Collet
- Guardian of the Rosslyn Trust
[Änneren] Verfilmung
De Roman gouf verfilmt ënnert dem Numm The Da Vinci Code an ass am Mee 2006 erauskomm. D'Dréibuch ass vum Akiva Goldsman, d'Regie vum Ron Howard. An den Haaptrolle sinn den Tom Hanks als Langdon, d'Audrey Tautou als Neveu an de Jean Reno als Fache ze gesinn.
[Änneren] Editiounen
- Originaleditioun (1. Oplo): 18. Mäerz 2003 The Da Vinci Code bei Doubleday
- Däitsch Ausgab: Abrëll 2006 Sakrileg. The Da Vinci Code, bei Lübbe als Täschebuch
[Änneren] Referenzen
Am Buch ginn zwéi Bicher zitéiert:
- Dem Leonardo Da Vinci seng Obras selectas series (op Spuenesch)
- Dem Victor Hugo säi Notre-Dame de Paris vun 1831