Wiki
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Wiki ass eng dynamesch Websäit wou all Visiteur d'Säite verännere ka wéi et him gefällt. Dëst erméiglecht e séieren Informatiounsaustausch an eng séier Informatiounsverbreedung.
Dëst ass e rezent Konzept, och wann et déi technesch Méiglechkeeten dofir schonn zënter e puer Jore gëtt. Seng einfach Handhabung huet et an den 2000er Joren méiglech gemaach, datt eng ganz Partie deer Site gegrënnt goufen.
Den Numm Wiki kënnt aus dem hawaianeschen a bedeit esouvill wéi séier. De Ward Cunningham, de kreative Kapp hannert dem Wikisystem huet dësen Numm benotzt, fir den éischte Site vun dëser Kategorie ze benennen, de WikiWikiWeb.
De Prinzip ass einfach: et handelt sech ëm e kooperative Modell fir Dokumenter ze schreiwen. Konkret bedeit dat, datt all Visiteur deen d'Säit liest, se och verännere kann. Dës Ännerunge gi gespäichert an den Historique ass fir all Mënsch zougänglech.
Wann de Wikisystem e Konzept ass, sou ginn et eng Rei Programmer, déi en effektiv ëmsetzen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Wou gëtt de Wiki-Prinzip agesat ?
- D'Dokumentatioun vun enger Rei Info-Projeten gëtt vun engem Wiki opgestallt: DotClear, SlackFR, EagleFaq, Manuel Blender francophone, etc.;
- de Suivi vu kollaborative Projeten: Planète couleurs, Tela Insecta, Nasgaia, etc.;
- Enzyklopedien a méi generell all Wëssensressourcen um Internet: Wikipedia, Sensei's Library, websemantique.org, etc.;
- kommunautär Wikien;
- privat Wikien.
[Änneren] Ressource vum Wiki-Typ
[Änneren] Dictionnairen
- Wiktionary (en)
- Wictionnaire (fr)
- WikiThema (fr)
[Änneren] Enzyklopedien
- Wikipedia
- Susning.nu (sv)
- Disinfopedia (en)
[Änneren] Systemer vum Typ Wiki
- Halfbakery (en)
- Wikipedia evolution through time (terms of service)