Christian Heinrich Friedrich Peters
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Christian Heinrich Friedrich Peters gebuer den 19. September 1813 zu Koldenbüttel, Schleswig-Holstein ass gestuerwen de 18. Juli 1890 zu Clinton, New York. Hie war en däitsch-amerikanescher Astronom.
De Peters huet Astronomie a Mathematik beim Johann Franz Encke an der Berliner Universitéit geléiert an huet no senger Promotioun als Mathematikassistent beim Carl Friedrich Gauß zu Göttingen geschafft.
Zesummen mat dem Geolog Sartorius von Walterhausen huet hien eng Exkursioun no Sizilien ënnerholl an huet Ënnersich iwwer de Vulkan Ätna gemaach.
Spéider huet hien um Observatoire vu Capodimonte zu Neapel geschafft, wou hien Observatiounen vu Sonneflecken duerchfouert huet an am Joer 1846 e liichtschwaache Koméit (1846 VI) entdeckt huet. Duerch falsch Bunnbestëmmungen konnt de Koméit erréischt am Joer 1982 nei entdeckt ginn.
Wéinst politeschen Onrouen ass de Peters 1849 no Frankräich geflücht. Vun do aus goung hie ouni vill Geld no Konstantinopel (haut Istanbul). Opgrond vu senge gudde Sproochkenntnesser – de Peters huet ausser viller europäescher Sproochen och Algriichesch, Latäin, Hebräesch, Arabesch, Persesch an Tierkesch praktizéiert – gouf hien zum wëssenschaftleche Beroder vum Reshid Pascha, dem Grousswesir vum Sultan Mejid II.
Op Uregung vun der amerikanescher Botschaft an der Tierkei an ausgestatt mat engem Emfeelungsschreiwen vum Alexander von Humboldt ass de Peters 1854 no Nordamerika ausgewandert. Hien huet d’Observatoire vun der Harvard Universitéit opgesicht a referéiert op engem Treffen vun der American Association for the Advancement of Science zu Providence, Rhode Island, iwwer seng Sonnenobservatiounen. De Peters huet d’Usicht vertrueden, datt op der Sonn gewalteg elektresch Stierm bestinn. Doriwwer eraus huet hien observéiert, datt sech d’Sonneflecken net nëmmen wéinst der Rotatioun an äquatorialer Richtung, awer och laanscht d’Längengrade bewegen.
Spéider krut de Peters eng Ustellung um Dudley Observatoire zu Albany, New York. Hei entdeckt hien de 25. Juli 1857 e weidere Koméit.
Am Joer 1859 huet de Peters eng Plaz als Professer fir Astronomie um Hamilton College an Clinton, New York, ugeholl. D’Institut war am Besëtz vun engem neien Observatoire mat engem 13 ½ Zoll-Refraktor, zu déier Zäit eent vun deenen gréissten Teleskope an Amerika. De Peters huet ziemlech um Existenzminimum geliewt, well säi Posten deemools schlecht bezuelt war. Seng Sonnefleckenaarbechten goufen erréischt no sengem Doud publizéiert.
Wou de Peters 1861 den Asteroid Feronia entdeckt huet, gouf d’Fachwelt nees op hien opmierksam. De Peters hat eigentlech den Asteroid Maja gesicht, dee virdru vum H.P. Tuttle entdeckt gi war. An de nächste Joere ass et him gelongen 48 Asteroiden ze entdecken. Nëmmen de Rekordentdecker Johann Palisa war zu dëser Zäit méi erfollegräich.
De Christian Heinrich Friedrich Peters ass de 19. Juli 1890 zu Clinton gestuerwen.
[Änneren] Um Spaweck
- (en) Biographie