Déierekreeszeechen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Déierekreeszeechen (oft falsch Stärezeechen genannt, obwuel kee Bezuch op d’Stäre besteet) deelen de Joreslaf vun der Sonn an 12 Ofschnëtter zu je 30 Grad, déi fir d’owendlännesch Astrologie eng wichtig Roll spillen. Hir Nimm berouen op déi 12 Stärebiller op der Ekliptik, mat deenen si virun 2500 Joer gréisstendeels deckungsgläich waren, géint déi si sech awer opgrond vun der der Präzessioun verréckelt hunn (kuckt och Zodiak = Déierekrees).
D’Sonn duerchwandert am Joreskrees déi 12 Déierekreeszeechen. Zu Fréijoresufank (an der Regel den 21. Mäerz) trëtt si an d’Zeeche vum Widder.
[Änneren] Horoskop
Den Déierekrees mécht d’Grondlag fir d’owendlännescht Horoskop. Hie setzt sech aus 12 Segmenter zesummen, vun deenen jiddferengem en Déierekreeszeechen ënnerstallt ass.
Déierekreeszeechen | Symbolik | ekliptesch Längt |
Zäitraum vum Sonnenduerchgangs no Kalennerdeeg (tropesch) | ||
---|---|---|---|---|---|
lëtzebuergesch | latäin | ||||
Widder | Aries | ![]() |
![]() |
0°-30° | 21. Mäerz - 20. Abrëll (31 Deeg) oder och 20. Mäerz - 20. Abrëll |
Stéier | Taurus | ![]() |
![]() |
30°-60° | 21. Abrëll - 20. Mee (30 Deeg) munchmol och: 21. Abrëll - 21. Mee (31 Deeg) |
Zwilling | Gemini | ![]() |
![]() |
60°-90° | 21. Mee - 21. Juni (31 Deeg) |
Kriebs | Cancer | ![]() |
![]() |
90°-120° | 21. Juni - 22. Juli (32 Deeg) |
Léiw | Leo | ![]() |
![]() |
120°-150° | 23. Juli - 23. August (32 Deeg)
munchmol och: 23. Juli - 22. August (31 Deeg) |
Jongfra | Virgo | ![]() |
![]() |
150°-180° | 24. August - 23. September (31 Deeg)
munchmol och: 23. August - 22. September (31 Deeg) |
Wo | Libra | ![]() |
![]() |
180°-210° | 24. September - 23. Oktober (30 Deeg)
munchmol och: 23. September - 22. Oktober (30 Deeg) |
Skorpioun | Scorpius | ![]() |
![]() |
210°-240° | 24. Oktober - 22. November (30 Deeg)
munchmol och: 23. Oktober - 21. November (30 Deeg) |
Schëtze | Sagittarius | ![]() |
![]() |
240°-270° | 23. November - 21. Dezember (29 Deeg)
munchmol och: 22. November - 21. Dezember (30 Deeg) |
Steebock | Capricornus | ![]() |
![]() |
270°-300° | 22. Dezember - 20. Januar (30 Deeg) |
Waassermann | Aquarius | ![]() |
![]() |
300°-330° | 21. Januar - 19. Februar (30 Deeg)
munchmol och: 21. Januar - 18. Februar (29 Deeg) |
Fësch | Pisces | ![]() |
![]() |
330°-360° | 20. Februar - 20. Mäerz (29/30 Deeg)
munchmol och: 19. Februar - 20. Mäerz (30/31 Deeg) |
D’Sonn wiesselt net ëm Mëtternuecht vun engem Déierekreeszeechen an dat nächst. De genauen Zäitpunkt vum Iwwergank variéiert vu Joer zu Joer, well d’Sonnejoer net genee 365 Deeg laang ass, an et kann een dofir net an allgemeng Kalennerdeeg uginn.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Tierkreiszeichen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Arbeitskreis Astrologie der Gesellschaft für Anomalistik e.V.
- (de) Christian Pinter: Fabelwesen der Sonnenbahn
- (de) Die Zodiacs