Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen ass den héchsten UNO-Fonctionnaire, representéiert d'Organisatioun an huet de Virsëtz iwwert d'Generalsekretariat.
De Generalsekretär gëtt op Recommandatioun vum Sécherheetsrot vun der Generalversammlung fir eng Amtsperiod vu fënnef Joer gewielt. Seng Ernennung kenn duerch e Veto vun engem vun de permanente Membere vum Sécherheetsrot verhënnert ginn.
[Änneren] Generalsekretären
- Sir Gladwyn Jebb (Groussbritannien), Intérims-Generalsekretär (1945 - 1946)
- Trygve Lie (Norwegen), Generalsekretär vu Februar 1946 bis zu senger Demissioun am November 1952
- Dag Hammarskjöld (Schweden), Generalsekretär vun Abrëll 1953 bis zu sengem Doud (Fligersaccident) 1961
- U Thant (Myanmar), Generalsekretär vu November 1961 bis Dezember 1971
- Kurt Waldheim (Éisträich), Generalsekretär vu Januar 1972 bis Dezember 1981
- Javier Pérez de Cuellar (Peru), Generalsekretär vu Januar 1982 bis Dezember 1991
- Boutros Boutros-Ghali (Egypten), Generalsekretär vu Januar 1992 bis Dezember 1996
- Kofi Annan (Ghana), Generalsekretär vu Januar 1997 bis Dezember 2006
- Ban Ki-moon (Südkorea), Generalsekretär zënter Januar 2007