Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De (Welt-)Sécherheetsrot (Englesch: United Nations Security Council ; Arabesch:مجلس الأمن الأمم المتحدة; Chinesesch: 联合国安全理事会; Franséisch: Conseil de sécurité des Nations unies; Russesch: Совет Безопасности Организации Объединённых Наций; Spuenesch: Consejo de Seguridad de Naciones Unidas) ass dat mächtëgst Organ vun de Vereente Natiounen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Déi konstituéirend Sëtzung vum Sécherheetsrot war de 17. Januar 1946. Dës an déi folgend Sëtzunge goufen am Londoner Church House oofgehaalen.
[Änneren] Membere vum Sécherheetsrot
De Rot besteet aus fënnef permanenten an zéng net-permanente Memberen vun de Vereente Natiounen. All Joer gëtt d’Halschend vun den zéng Länner, déi wiesselen, duerch d’UN-Generalversammlung op zwee Joer nei gewielt. Si gi vun der Generalversammlung confirméiert an no regionale Gruppen ausgesicht. Esou gëtt dorop geuecht, dass vun den zéng net-permanente Memberen der dräi aus Afrika, zwéin aus Asien, zwéin aus Latäinamerika, een aus Osteuropa an zwéin aus Westeuropa oder der iwwreger westlecher Welt (wéi: Kanada, Australien oder Neiséiland) kommen. Tëscht dem Ausscheeden an dem Erëmwiele vun engem Staat aus dem Sécherheetsrot muss op mannst ee Joer leien – datt e Land direkt erëmgewielt gëtt, ass also ausgeschloss. E net festgeschriwent, awer praktizéiert Gesetz ass, datt bannent den uewe genannte Weltregiounen e rotéirende System herrscht, dat alle Länner erméiglecht, an engem festen Turnus e Sëtz am Sécherheetsrot ze hunn. De Representant vun engem Sécherheetsrot-Member muss zu all Zäit am UNO-Haaptquartéier erreechbar sinn, soudatt de Rot jidderzäit zesummentriede kann.
[Änneren] Permanent Memberen
- bis 1971 Republik China (och Taiwan), dono Volléksrepublik China
- Frankräich
- Vereente Kinnekräich vu Groussbritannien a Nordirland
- bis 1991 d’Sowjetunioun, dono Russland
- Vereenegt Staate vun Amerika
[Änneren] Net-Permanent Memberen
Vu 1946 bis 1965 gouf et nëmme 6 net-permanent Memberen am Sécherheetsrot
- nëmme fir 1946 : Holland, Mexiko, Ägypten
- 1946 / 1947 : Polen, Brasilien, Australien
- 1947 / 1948 : Belsch, Kolumbien, Syrien
- 1948 / 1949 : Ukraine, Argentinien, Kanada
- 1949 / 1950 : Norwegen, Kuba, Ägypten
- 1950 / 1951 : Jugoslawien, Ecuador, Indien
- 1951 / 1952 : Holland, Brasilien, Tierkei
- 1952 / 1953 : Griichenland, Chile, Pakistan
- 1953 / 1954 : Dänemark, Kolumbien, Libanon
- 1954 / 1955 : Tierkei, Brasilien, Neiséiland
- 1955 / 1956 : Belsch, Peru, Iran
- 1956 / 1957 : Australien, Kuba, ( 1956 Jugoslawien ) ( 1957 Philippinen )
- 1957 / 1958 : Schweden, Kolumbien, Irak
- 1958 / 1959 : Japan, Panama, Kanada
- 1959 / 1960 : Italien, Argentinien, Tunesien
- 1960 / 1961 : Ecuador, Sri Lanka, ( 1960 Polen ) ( 1961 Tierkei )
- 1961 / 1962 : Ägypten, Chile, ( 1961 Liberia ) ( 1962 Irland )
- 1962 / 1963 : Venezuela, Ghana, ( 1962 Rumänien ) ( 1963 Philippinen )
- 1963 / 1964 : Norwegen, Brasilien, Marokko
- 1964 / 1965 : Bolivien, Elfebeenküst, ( 1964 Tschechoslowakei ) ( 1965 Malaysia )
- 1965 / 1966 : Holland, Uruguay, Jordanien
Säit 1966 sin 10 net-permanent Memberen am Sécherheetsrot
- nëmme fir 1966 : Neiséiland, Uganda
- 1966 / 1967 : Bulgarien, Argentinien, Mali, Nigeria, Japan
- 1967 / 1968 : Dänemark, Kanada, Brasilien, Äthiopien, Indien
- 1968 / 1969 : Ungarn, Paraguay, Algerien, Senegal, Pakistan
- 1969 / 1970 : Finnland, Spuenien, Kolumbien, Nepal, Sambia
- 1970 / 1971 : Polen, Nicaragua, Burundi, Sierra Leone, Syrien
- 1971 / 1972 : Belsch, Italien, Argentinien, Somalia, Japan
- 1972 / 1973 : Jugoslawien, Panama, Sudan, Guinea, Indien
- 1973 / 1974 : Éisträich, Australien, Peru, Kenia, Indonesien
- 1974 / 1975 : Wäissrussland, Costa Rica, Mauretanien, Kamerun, Irak
- 1975 / 1976 : Italien, Schweden, Guyana, Tansania, Japan
- 1976 / 1977 : Rumänien, Panama, Libyen, Benin, Pakistan
- 1977 / 1978 : Bundesrepublik Däitschland, Kanada, Venezuela, Mauritius, Kamerun
- 1978 / 1979 : Tschechoslowakei, Bolivien, Gabun, Nigeria, Kuwait
- 1979 / 1980 : Norwegen, Portugal, Jamaika, Sambia, Bangla Desh
- 1980 / 1981 : DDR, Mexiko, Tunesien, Niger, Philippinen
- 1981 / 1982 : Irland, Spuenien, Panama, Uganda, Japan
- 1982 / 1983 : Polen, Guyana, Togo, Zaire, Jordanien
- 1983 / 1984 : Holland, Malta, Nicaragua, Simbabwe, Pakistan
- 1984 / 1985 : Ukraine, Peru, Ägypten, Burkina Faso, Indien
- 1985 / 1986 : Dänemark, Australien, Trinidad & Tobago, Madagaskar, Thailand
- 1986 / 1987 : Bulgarien, Venezuela, Ghana, Kongo, VA Emirater
- 1987 / 1988 : Bundesrepublik Däitschland, Italien, Argentinien, Sambia, Japan
- 1988 / 1989 : Jugoslawien, Brasilien, Algerien, Senegal, Nepal
- 1989 / 1990 : Finnland, Kanada, Kolumbien, Äthiopien, Malaysia
- 1990 / 1991 : Rumänien, Kuba, Elfebeenküst, Zaire, Jemen
- 1991 / 1992 : Belsch, Éisträich, Ecuador, Simbabwe, Indien
- 1992 / 1993 : Ungarn, Venezuela, Marokko, Kap Verde, Japan
- 1993 / 1994 : Spuenien, Neiséiland, Brasilien, Dschibuti, Pakistan
- 1994 / 1995 : Tschechesch Republik, Argentinien, Rwanda, Nigeria, Oman
- 1995 / 1996 : Däitschland, Italien, Honduras, Botswana, Indonesien
- 1996 / 1997 : Polen, Chile, Ägypten, Guinea-Bissau, Südkorea
- 1997 / 1998 : Schweden, Portugal, Costa Rica, Kenia, Japan
- 1998 / 1999 : Slowenien, Brasilien, Gambia, Gabun, Bahrain
- 1999 / 2000 : Holland, Kanada, Argentinien, Namibia, Malaysia
- 2000 / 2001 : Ukraine, Jamaika, Tunesien, Mali, Bangla Desh
- 2001 / 2002 : Kolumbien, Irland, Mauritius, Norwegen, Singapur
- 2002 / 2003 : Bulgarien, Kamerun, Guinea, Mexiko, Syrien
- 2003 / 2004 : Angola, Chile, Däitschland, Pakistan, Spuenien
- 2004 / 2005 : Algerien, Benin, Brasilien, Philippinen, Rumänien
- 2005 / 2006 : Argentinien, Dänemark, Griichenland, Japan, Tansania
- 2006 / 2007 : Ghana, Katar, Republik Kongo, Peru, Slowakei
eejähreg Amtszäite sinn a Kursivschrëft
[Änneren] Um Spaweck
- United Nations Security Council (englesch)
- Resolutioune vum Sécherheetsrot (däitsch)
- Resolutioune vum Sécherheetsrot (englesch)