Vereent Natiounen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Vereent Natiounen (VN; fr: Organisation des Nations unies / en: United Nations, dacks och als UNO fir United Nations Organisation ofgekierzt) ass eng global, international Organisatioun. Hier wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wiertschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop uecht ze ginn datt d'Mënscherechter agehal ginn.
D'Vereent Natiounen versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.
2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, de Kofi Annan, de Friddensnobelpräis fir hiert Engagement ëm en internationalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Grënnung
D'Iddi vun enger weltwäiter, iwwernationaler Organisatioun déi sech dofir asetzt de Fridden ze hidden a Kricher ze verhënnere gouf di éischte Kéier a Form vum Vëlkerbond (1920-1946) ëmgesat. D'Virgängerorganisatioun vun de Vereenten Natiounen war als reng diplomatesch Plattform konzipéiert an eng ganz Rëtsch Länner, dorënner d'USA an d'Sowjetunioun, waren ni Member oder sinn, wéi Däitschland a Japan, spéider nees ausgetrueden. De Vëlkerbond ass doduerch relativ séier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nom Zweete Weltkrich vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.
Nach während dem Krich, den 14. August 1941, hunn den US-amerikanesche President Franklin D. Roosevelt an de britesche Premier Winston Churchill d'Atlantik-Charta proklaméiert. Am Dokument sinn éischt programatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun verschrëftlecht.
An der Declaration by United Nations vum 1. Januar 1942 beruffe sech 26 Staten, dorënner och Lëtzebuerg, op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.
D'Verhandlungen iwwert eng zukënfteg international Organisatioun ginn nach emol 1944 op der Konferenz vun Dumbarton Oaks (bei Washington D.C., USA) tëscht Vertrieder vu China, Groussbritannien, der Sowjetunioun an den USA intensivéiert a konkretiséiert.
Nodeems zentral, nach méi ëmstridde Punkten am Februar 1945 op der Konferenz vu Jalta gekläert konnte ginn, gëtt d'Charta vun de Vereenten Natiounen déclaréiert. D'Charta gouf den 26. Juni 1945 vu 50 Staten zu San Francisco ënnerschreiwen an ass den 24. Oktober 1945 a Kraaft getrueden. Polen ass als 51. Grënnungsmember spéider bäikomm.
Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vun de Vereenten Natiounen
[Änneren] D'Charta vun de Vereenten Natiounen
D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bënnt d'Memberstaten opgronn vum Droit international public.
An der Charta sinn d'Ziler a Regelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun de VN festgehal. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheiteren vum Vëlkerbond an der Weltwiertschaftskris an den drësseger Joere geprägt.
D'Charta huet eng Präambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.
[Änneren] Memberen
D'Vereent Natiounen hunn 191 Memberlänner (Stand 2006). Nodeems d'Schwäiz an Ost-Timor am Hierscht 2002 bäigetruede sinn, verbleift de Vatikanstad domatt den weltwäit eenzege souveränen Stat deen net dozougehéiert. Den sougenannten Hellege Stull, di vëlkerrechtlech Vertriedung vum Vatikan, huet awer Beobachterstatus. International net vun allen Natiounen unerkannte Länner wéi d'West-Sahara (Demokratesch Arabesch Republik Sahara), déi Tierkesch Republik Nordzypern, d'Cookinselen an Taiwan stinn och dobaussen.
De fréiere Grënnungsmember Taiwan war bis 1971 esouguer am Sécherheetsrot vertrueden, huet dunn awer op Drock vun der Generalversammlung de Stull fir d'Volleksrepublik China fräi misse maachen. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuléierten Ziler a Regele vun de Vereenten Natioune verflichten.
Kuckt och: Membere vun de Vereenten Natiounen
[Änneren] Organisatioun a Fonctionnement
[Änneren] Haaptorganer
D'Vereent Natiounen hunn 6 Haaptorganer:
- De Sécherheetsrot (Conseil de sécurité) ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen. China, Russland, Frankräich, Groussbritannien an d'USA sinn ëmmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestëmmeg vun hinnen akzeptéiert gi muss, en indirekt Vetorecht. Di aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
- D'Generalversammlung (Assemblée générale). All Memberstat huet ee Sëtz an eng Stëmm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Sécherheetsrot riichten un déi dësen awer net gebonnen ass.
- D'Generalsekretariat (Secrétariat): geréiert a representéiert d'Organisatioun. Héchste Beamten an der Administratioun ass den Generalsekretär (zënter 2007 de Ban Ki-moon)
- Wirtschafts- a Sozialrot (Conseil économique et social): huet eng consultativ Roll a Froen zu der internationaler wiertschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
- Den Internationale Geriichtshaff (Cour internationale de Justice): zoustänneg fir d'Klärung vu tëschestatlechen Streidereien.
- De Conseil de tutelle huet seng Aarbecht entre-temps suspendéiert
[Änneren] Niewenorganer a spezialiséiert Agencë
Nieft dëse sechs Haaptorganer ginn et eng Rëtsch vu net-politeschen spezialiséierten Niewenorganisatiounen an Agencë.
Kuckt heizou: Lëscht vun den UNO-Organer
[Änneren] Sëtzer a Sproochen
Hiren Haaptsëtz hunn d'Vereent Natiounen zu New York. Den Terrain laanscht den East River gouf vum John Davison Rockefeller Junior gestëft an zënter 1951 sinn hei fënnef vun deene sechs Haaptorganer doheem.
Donieft huet d'Sekretariat nach dräi Bureauen, jeeweils zu Genève an der Schwäiz (UNOG), zu Wien an Éisträich (UNOV) an zu Nairobi am Kenia (UNON).
Den Internationale Geriichtshaff huet säi Sëtz zu Den Haag an Holland.
Ähnlech wéi d'Ambassadë sinn d'Sëtzer vun de Vereenten Natiounen extraterritorialt Gebitt.
D'Vereent Natiounen hunn sechs offiziell Sproochen an déi all Dokument, Resolutioun a Protololl iwwersaat gi muss: Arabesch, Chinesesch, Englesch, Franséisch, Russesch a Spuenesch.
Englesch a Franséisch sinn dogéint di eenzeg zoulässeg Aarbechtssproochen.
[Änneren] Finanzéierung
D'Vereent Natiounen finanzéiere sech haaptsächlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlänner. All Land ass dozou verflicht e gewësse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Stat bäisteiere ka läit bei 25%. De Gros vum Zweejoersbudget gëtt vun nëmmen engem Grapp voll Länner gedroen. D'USA sinn an där spezieller Situatioun, datt se zwar mat 22% (2004-2006) am meeschte bäileeen, gläichzäiteg awer och de gréissten Débiteur sinn.
Friddens- a Spezialprogrammer (wéi z.B. d'UNICEF) ginn entweder duerch Extracotisatiounen oder fräiwëlleg Leeschtunge finanzéiert.
[Änneren] Um Spaweck
- www.un.org Offizielle Site vun de Vereenten Natiounen
- Permanent Mission of Luxembourg to the UN op englesch