K Desktop Environment
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
|
Entwéckler: | KDE-Team |
Lescht Versioun: | 3.5.3 (31. Mee 2006) |
Betribssystem: | Linux, Unix |
Kategorie: | Desktop-Environment |
Lizenz: | GPL, LGPL |
Websäit: | www.kde.org |
KDE (K Desktop Environment) ass eng fräi verfügbar, modern grafesch Benotzeruewerfläch mat villen Zousazprogramme fir den alldeegleche Gebrauch. KDE ass an éischter Linn fir Linux- an Unix-Aarbechtsstatiounen entwéckelt ginn a baséiert op der Grafikbibliothéik Qt vun der norwegescher Firma Trolltech.
KDE ass en eenheetlech opgebauten, grafeschen Aarbechtsentourage, dee sech virun allem duerch Netzwierktransparenz, eng zäitgeméiss Aarbechtsphilosophie an en opfallende grafeschen Design auszeechent. KDE gëllt als eng flexibel Uewerfläch, déi dem Benotzer vill verschidden Astellungsméiglechkeete bitt, ugefaang bei der Optik bis hin zu dem Verhalen, fir se un déi perséinlech Bedierfnesser unzepassen. Mam Zil vollwäerteg, konsistent a liicht benotzbar ze sinn, ass KDE ze vergläiche mat den Uewerfläche vu Windows, Mac OS oder dem GNOME-Projet, déi all ähnlech Zilsetzunge mat liicht anere Prioritéite verfollegen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Entwécklung
D'Grondsteng fir de KDE-Projet sinn Enn Oktober 1996 geluecht ginn, wéi den Tübinger Informatik-Student Matthias Ettrich fir d'éischte Kéier Ziler vu KDE an enger Linux-Newsgroups ënnert dem Titel New Project: Kool Desktop Environment (KDE) - Programmers wanted! beschriwwen a fräiwelleg Mataarbechter gesicht huet. KDE sollt d'Feele vun enger einfacher benotzbarer a bequeemer grafescher Benotzeruewerfläch fir Unix-Computere behiwwen an de Windows-Wiessler op eng einfach Weis erlaben d'Méiglechkeete vun hirem neie Computersystem besser ze notzen. An den éischten Entwerf waren eng Kontrollläischt, en einfache Fënster- an Dateimanager, e Mail-Programm, en Texteditor, eng Shell an en Hëllefssystem geplangt.
KDE 1.0 gouf den 12. Juli 1998 verëffentlecht an hat schonns méi gebueden, wéi am Ufank virgesi war. Sou ass zum Beispill aus dem einfachen Dateimanager de K File Manager (Kfm) ginn, deen och als Webbrowser a FTP-Client gedéngt huet. Schonns séier ass KDE an d'Kritik komm, well déi onfräi Qt-Bibliothéik vu KDE genotzt gouf. Zwee nei Projete sinn entstan, Harmony, e fräie vollkompatibenen Ersatz fir Qt a GNOME, en neie ganz fräien Desktop-System. Dat selwescht Joer am November grënne schliisslech Trolltech a KDE d'KDE Free Qt Foundation fir eng dauerhaft Verfügbarkeet vum Qt-Toolkit zur Entwécklung vu fréier Software ze garantéieren. Als Konsequenz huet een de Projet Harmony opginn, wàhrend GNOME erfollegràich weiderentwéckelt gouf.
De groussen Duerchbroch koum mat KDE 2.0, verëffentlecht den 23. Oktober 2000. An dëser Versioun gouf KDE komplett iwwerschafft, wat virun allem zu der Perfektioun, souwuel an der Optik, wéi och an der Funktionalitéit bäigedroen huet. Vill Lächer vun den éischte Programmskizze goufen opgefëllt. Am Beräich vun de KDE-Uwennungen hu virun allem Konqueror, den neie KDE-Dateimanager, Datei-Betruechter, Webbrowser an FTP-Client, alles an engem integréiert a KOffice, den éischten Usaz vun enger kompletter Büroléisung mat Textveraarbechtung, Tabellekalkulatioun, Präsentatiouns- a Vektorzeecheprogramm, ervir gestach.
KDE 3.0 gouf den 3. Abrëll 2002 verëffentlecht.
[Änneren] Wichteg Mierkmoler vu KDE
- Eng Kontrollläischt, déi zu dem Starte vun Uwennungen an zu dem Emschalten tëscht den Aarbechtsfläche déngt.
- Eng Programmläischt bannent der Kontrollläischt.
- Den Desktop, op deem heefeg genutzten Dateien an Dossieren ofgeluecht kënne ginn.
- De Konqueror, zentralen Dateimanager, Browser a Client vun enger Rei vu Protokollen.
- De KDE-Kontrollzenter déngt der Administratioun vun de KDE-Astellungen, wéi zum Beispill vum Design vun der Uewerfläch oder der Sproochastellung.
- KDE gëtt et an enger grousser Zuel u Sproochen, dorënner gëtt och un enger Iwwersetzung a Lëtzebuerger Sprooch geschafft.
[Änneren] E puer KDE-Programmen
- K3b - CD an DVD Brennsoftware
- Kate - Texteditor
- KDevelop - integréiert Entwécklungsemgéigend mat Ënnerstetzung fir vill Programméiersproochen
- KMail - Email-Client
- KOffice - Office-Suite vu KDE
- Konsole - Terminal-Emulator
- Konqueror - Dateimanager, Webbrowser an Dateibetruechter
- KWrite - einfachen Texteditor
[Änneren] KDE an d'Wikipedia
Den 23. Juni 2005 um Linuxtag zu Karlsruhe gouf bekannt, datt KDE an d'Wikimedia Foundation eng Kooperatioun ustriwwen. Geplangt ass Contenu vu Wikimedia-Projeten iwwert eng Web-Service-Schnëttstell fir KDE-Programmen unzebidden.
[Änneren] Literatur
- Thomas Diehl: KDE 2. Die grafische Benutzeroberfläche für Linux. Deutscher Taschenbuch Verlag, 2000.