Legislativ
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Legislative (v. lat. lex, legis - d'Gesetz; d'Gewalt déi Gesetzer mécht) ass an enger Demokratie eng vun den dräi Gewalten nieft der Exekutiv an der Judikativ. Si ass zoustänneg fir d'Berodung an d'Stëmme vu Gesetzer (Legislativ Prozedur) am inhaltlechen a formelle Sënn, wéi och fir d'Kontroll vun der Exekutiv an der Judikativ. An enger repräsentativer Demokratie mat Gewaltendeelung steet d'Legislativ de Parlamenten zou. A Staate mat Elementer vun direkter Demokratie trëtt am Eenzelfall och d'Vollek als Legislateur op.
Zu Lëtzebuerg gëtt d'Legislativ vun der Chamber gebilt. An der Bundesrepublik Däitschland bilden de Bundestag an de Bundesrat wéi och déi eenzel Lännerparlamenter d'Legislativ. An der Schwäiz hu mer de Nationalrat an de Ständerat, an an Éisträich de Nationalrat an de Bundesrat. Eis franséisch Noperen kennen d'Assemblée nationale an de Sénat.
An der Europäescher Unioun sinn, an deene meeschte Fäll, d'Europäescht Parlament an de Conseil vun de Ministere Co-Legislateur. An deenen anere Fäll ass dat de Conseil eleng.