Okeanos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Okeanos as een vun den Titanen. Ursprünglech verkierpert hien de Stroum deen d'Äerdscheif ëmfléisst an deen zwar a Verbindung mat deenen anere Flëss a Miere steet, mee trotzdeem vun hinne getrennt ass. Eréischt spéider ass den Okeanos zur Bezeechnung fir d'Weltmiere ginn (Ozean).
Den Okeanos war de Jong vum Uranos an der Gaia, Brudder a Mann vum Tethys, a Papp vun den Okeaniden. Beim Kampf vum Zeus géint d'Titanen an d'Giganten huet hien sech op d'Säit vum Zeus geschloen an ass doduerch och net an den Tartaros verbant ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |