Yosemite-Nationalpark
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Yosemite-Nationalpark ass ee vun den Nationalparken an den USA. E läit 200 km ëstlich vu San Francisco an Zentral-Kalifornien, un de westlechen Häng vun der Sierra Nevada. Mat sengen 3.079 Quadratkilometer ass e méi grouss wéi Lëtzebuerg.
Méi wéi 3 Millioune Visiteure kommen all Joers an de Yosemite. Déi meescht dovunner limitéiere sech awer op d'Yosemite Dall, duerch dat de Floss Merced leeft an dat op 1.200 m Héicht läit. Hei gëtt et e sëlleche Waasserfäll – de Yosemite Waasserfall ass deen héchste vun Nordamerika an dee fënnefhéchsten op der Welt. Ganz bekannt bäi de Kloterer sinn déi wonnerbar Granitfielsformatiounen, zu deenen ë.a. den Half Dome (2693m) an den El Capitan (2307m) gehéieren. D'Flora a Fauna vum Park ka mat plazeweis urale Mammutbeem an enger Abberzuel u Wëlldéiere, dorënner Hirschen, Kojoten a Schwaarzbieren, beandrocken.
Ronn 95% vum Park si geschützte Wëldnis.
Zënter 1984 steet de Park op der UNESCO hirer Lëscht vun der Weltierfschaft.