Albert Einstein
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albert Einstein (* 14. Mäerz 1879 zu Ulm; † 18. Abrëll 1955 zu Princeton, USA) war ee vun de bedeitendste Physiker vum 20. Joerhonnert.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
Den Albert Einstein war den eelste vun zwee Kanner. Seng Elteren Hermann a Pauline Einstein ware Geschäftsleit. Seng Schwëster Maja koum ee Joer no him zu München op d'Welt.
Hie war e Suergekand, huet spéit ugefaange mat schwätzen an huet 1894 d'Schoul, de Münchener Luitpold-Gymnasium, ouni Ofschloss verlooss. Well hien awer zu Zürich studéiere wollt, huet e sech 1895 zu Aarau an enger Schoul ugemellt fir den Ofschloss nozehuelen.
Ee Joer méi spéit huet en dee gepackt an ass vun do un iwwerzeegt, datt de liberale System aus der Schwäiz zu sengem Erfolleg beigedroen huet. Vun do un huet hien eng Ofneigung géint den däitschen Drill an Autoritéit. Si bréngen hien dozou, spéider seng däitsch Nationalitéit opzeginn.
Mat 21 Joer mécht hie säin Ofschloss zu Zürich als diploméierte Fachprofesser an der Mathematik an an der Physik.
Hie geet an Däitschland zeréck. Seng Eltere liewen awer mëttlerweil an Italien. 1901 hëlt hien déi Schwäizer Nationalitéit un a geet 1902 op Bern wou hie sech mat Privatstonnen iwwer Waasser hält.
[Änneren] Biographie
[Änneren] Seng Theorien
[Änneren] Literatur
- Einstein, Albert an Seelig, Carl: Mein Weltbild
- Einstein, Albert an Calaprice, Alice: Einstein sagt
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Albert Einstein – Biller, Videoen oder Audiodateien |