New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Chronologie vu Paräis - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Chronologie vu Paräis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Portal vun der Stad Paräis – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Stad Paräis.

  Kuckt och den Artikel Paräisd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


Dës Chronologie vu Paräis soll Iech en Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Elementer vun der Geschicht vun der franséischer Haaptstad Paräis bidden.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Virgeschicht

  • 40000 v. Chr.: Éischt Unzeeche vun enger mënschlecher Präsenz um Site vu Paräis.
  • 4200 v. Chr.: Unzeeche vun enger permanenter Habitatioun zu Paräis. Bei Ausgruewungen zu Bercy am Joer 1991 goufen ënner anerem e Bou a Geschir fonnt.

[Änneren] Antikitéit

Goldmënz vun de Parisii, ca. 100-50 v. Chr., Musée Carnavalet, NM 4
Goldmënz vun de Parisii, ca. 100-50 v. Chr.,
Musée Carnavalet, NM 4
  • Ëm 100 v. Chr.: Éischt Goldmënze vun de Parisii.
  • Mee 52 v. Chr.: Schluecht vu Lutezia. Victoire vum Labienus, Lieutenant vum Julius Cäsar, iwwert d'Senonen an d'Parisii. D'Parisii hunn op dësem Site zënter e puer Joerhonnerte geliewt. D'Gallier hu beschloss, léiwer hir Brécken ze zerstéieren an hir "Stad" selwer a Flamen ze setzen, wéi d'Réimer eranzeloossen. De Brand vu Lutezia huet de Réimer erméiglecht, der Stad zimlech séier eng réimesch Struktur ze ginn, ausserdem wor mat siwen Hiwwelen an engem Floss d'Parallel mat Roum zimlech einfach.
  • Tëscht 14 a 37: D'Naute vu Lutezia bauen eng Colonne zu Éiere vum Gott Jupiter: et ass de berühmte « Pilier des Nautes » deen ënnert de Fondatioune vun der Notre-Dame fonnt gouf.
  • Tëscht 50 an 100: De Forum vu Lutezia gëtt gebaut.
  • 65-66: Äisege Wanter.
  • Tëscht 100 an 200: Zu Lutezia ginn dräi Therme gebaut, déi duerch en Aquädukt vu 16 km laanscht d'Bièvre versuergt ginn, en Amphitheater mat 17.000 an en Theater mat 3.000 Plazen.
  • Ëm 250: Den éischte Bëschof vu Lutezia, den Saint Denis, stierwt als Märtyrer. Hie war ee vun de siwe Bëscheef déi a Gallien geschéckt goufen, fir d'Land z'evangeliséieren. D'Succèser hunn den Haass vun den Heide provozéiert, déi hien um Hiwwel vu Montmartre gekäppt hunn. Der Legend no huet den Hellegen Denis du säi Kapp a seng Hänn geholl, wat zu der klassescher Representatioun vum Schutzpatroun vu Frankräich ginn ass.
  • 275 oder 276: D'lénkst Ufer vu Lutezia gëtt vu Germane geplëmmt.
  • 291-292: Ganz äisege Wanter, d'Seine ass zougefruer.
D'Helleg Geneviève
D'Helleg Geneviève
  • Ëm 300: Aus Lutezia gëtt Paräis.
  • Ëm 308: Ronderëm d'île de la Cité gëtt eng Mauer gebaut, fir sech virun de Germanen ze schützen.
  • Mäerz 346: No 20 Deeg Reen ouni Paus kënnt et zu Iwwerschwemmungen.
  • 360: Konzil zu Paräis iwwert den Arianismus. Dës "barbaresch" reliéis Bewegung erkennt weder d'Divinitéit vu Christus nach d'Autoritéit vum Poopst. Den Arianismus huet sech duerch d'barbaresch Invasiounen an Europa verbreed. Paräis gëtt, nach méi wéi Roum, zu der Stad déi am stäerkste géint den Arianismus virgeet, a bléiwt dem réimesche Christianismus, dem Katholizismus, trei.
  • Ëm 385: Den Hellege Martin kënnt op Paräis an heelt Leprakranker un der nërdlecher Paart duerch e Kuss a säi Segen.
  • November 397: « Été de Saint-Martin » vum 8. bis 11. November : « les roses refleurissent ».
  • 451: Den Attila a seng Hunne sti virun de Paarte vu Paräis. D'Helleg Geneviève (422-502) kann d'Paräisser dervun iwwerzeegen, an der Stad ze bleiwen. Den Attila verschount Paräis a mécht sech op de Wee Richtung Orléans.
  • 464: Blocus vu Paräis duerch de Frankekinnek Childéric I.
  • Ëm 475: Eng Basilika gëtt um Graf vum Hellegen Denis gebaut.
  • 486: D'Helleg Geneviève hëllt Verhandlunge mam Clovis iwwert d'Soumissioun vu Paräis op. De Clovis huet grad eng grouss Schluecht géint de Réimer Syagrius gewonnen, mee d'Helleg Geneviève verbitt him, op Paräus ze kommen. Hie belagert d'Stad wou kurz drop d'Liewensmëttel knapp ginn. D'Helleg Geneviève organiséiert de Ravitaillement an de Clovis hiewt d'Belagerung op. Dës gespannte Situatioun tëscht Paräis an dem Clovis dauert nach 10 weider Joer. Paräis ass zu dëser Zäit eng kleng kathoulesch Insel an engem Ozean dee vum Arianismus dominéiert gëtt, an d'Helleg Geneviève wëll net datt all Strécker mam Clovis räissen, deen zwar e Barbar ass, awer keen arianistesche Kinnek. D'Néierlag vum Syagrius, « le dernier des Romains », steet als Paräisser Zäsur tëscht Antikitéit a Mëttelalter, oder éischter der Spéitantikitéit.

[Änneren] Mëttelalter

[Änneren] Fréimëttelalter

  • 496 oder 498: D'Konversioun vum Clovis zum Katholizusmus gëtt gutt zu Paräis opgeholl, an d'Stad mécht hir Diren op.
  • 3. Januar 500 oder 502 : † Helleg Geneviève : Si gëtt um « Bierg » begruewen, deen hiren Numm dréit. De Clovis léisst d'Basilika vun den Hellegen Apostele bauen, déi spéider op Basilika Sainte-Geneviève ëmgedeeft gëtt.
  • 508: De Clovis mécht Paräis zu der Haaptstad vu sengem Kinnekräich.
  • Ëm 540: D'Kathedral Saint-Étienne gëtt gebaut, déi spéider Notre Dame
  • 577: De Chilpéric léisst de réimeschen Amphitheater reparéieren, a Spektakele ginn opgefouert.
  • 582: De Chilpéric zwéngt eng grouss Zuel vu Paräisser Judden, zum Katholizismus ze konvertéieren.
  • Februar 583: Éischt wichtegt Héichwaasser vun der Seine wat ernimmt gëtt.
  • 583-584: Mëlle Wanter, an Januar bléie Rousen.
  • 585: Grousse Brand op der île de la Cité. Nëmmen der Kathedral ass näischt geschitt.
  • 10. Oktober 614 : Konzil iwwert d'Fräitheet vun de Bëschofswahlen an iwwert d'Juridiktioun vun de Bëscheef iwwert de Klerus. Zënter dem Konzil vu Clermont goufen d'Bëscheef scho vum Klerus a vum Vollek gewielt.
  • 654 : † Bëschof Landry, deen als Grënner vum Hôtel-Dieu (ëm 651) ugeholl gëtt.
  • 28. Juli 754: Peepstlech Salbung vum Pippin dem Kuerzen, dem Carloman an dem Karel dem Groussen duerch de Poopst Stephan II. an der Abtei vu Saint-Denis. D'Abtei krut ausserdem de Privileg all Joer eng Foire duerfen ofzehalen.
Tuerm vu Saint-Germain-des-Prés
Tuerm vu Saint-Germain-des-Prés
  • 763-764: Ganz béise Wanter, d'Seine zu ganz Paräis ass zougefruer.
  • 820: Déi eelste Strooss vu Paräis gëtt ernimmt, d'rue Saint-Germain.
  • 28. Mäerz 845: D'Normanne stinn eng éischte Kéier virun de Mauere vu Paräis, un der Spëtzt vun 120 Wikingerschëffer fir 6.000 Männer steet den Dän Ragnar Logrok: De Charles le Chauve iwwerweist 7 000 Sëlwerlivres fir datt si nees verschwannen.
  • 845: Hongersnout.
  • 28. Dezember 856: Zweeten normanneschen Iwwerfall: Paräis geet a Flamen op.
  • 12. Juni 857: Op en neits en normanneschen Iwwerfall. All d'Kierche bis op Saint-Germain-des-Prés a Saint-Denis, déi vill Suë bezuelt hunn.
  • 3. Abrëll 858: D'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés gëtt vun den Normannen ageholl.
  • 861: Iwwerfall vun den Normannen, d'Stad an d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés ginn a Flamen op.
  • 869: Iwwerfall vun den Normannen, d'Abtei vu Saint-Germain-des-Prés gëtt geplëmmt.
  • 870: Fir Paräis besser virun den Normannen ze schütze ginn de Grand-Pont an de Petit-Pont gebaut.
  • 24. November 885: Neien Iwwerfall vun den Normannen op Paräis mat 700 Schëffer.
  • 28. November 885: No véier Deeg mussen d'Normannen e Lager opbauen, fir d'Stad besser belageren ze kënnen. Bei der Belagerung vu Paräis hunn d'Normanne vill Schued ronderëm d'Stad ugeriicht an och probéiert Paräis selwer unzegräifen.
  • 6. Februar 886: De Petit-Pont brécht duerch en Héichwaasser zesummen, an d'Normanne kënnen Deeler vu Paräis plëmmen. De groussen Deel vun den Truppen huet d'Belagerung weidergefouert.
  • September 886: De Keeser Charles den Décke kënnt op Paräis a bezillt 700 Livres fir datt d'Normannen d'Belagerung ophiewen. Ausserdem erlabt hien hinnen, weider an d'Bourgogne ze zéien, déi nach net komplett ënnerworf ass. D'Paräisser si mat dësem Accord net averstanen.
  • Mee 887: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mee si kommen net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
  • Juni-Juli 889: Neie Versuch vun engem Iwwerfall vun den Normannen, mee si kommen op en Neits net duerch d'Paräisser Verdeedegung.
  • Wanter974-975: Battere Wanter, nach am Mee fällt Schnéi.
  • Oktober 978: De Keeser Otto II. belagert Paräis. Den Hugues Capet verhënnert datt hien iwwert de Floss kënnt. Den 30. November gëtt d'Belagerung opgehuewen.

[Änneren] 11. Joerhonnert

  • 1007: Den Titel Grof vu Paräis verschwënnt nees, d'Grofschaft, déi 480 amplaz vun der réimescher civitas an d'Liewe geruff gi war, fällt un d'Monarchie.
  • 1021: Studente kommen op Paräis fir d'Coursë vum Chapitre vun Notre-Dame ze verfollegen.
  • 1021 - 1029: Chronesch Hongersnout mat Fäll vu Kannibalismus an de leschten dräi Joer.
  • 1031 - 1040: Chronesch Hongersnout, déi laut dem Rodulfus Glaber souwuel Arm wéi Räich betraff huet.
  • 1037: Brand zu Paräis.
  • 1074: Konzil zu Paräis iwwert d'Zölibat vun de Paschtéier.
  • 1076 - 1077: Schlëmmen a laange Wanter vum 1. November bis zum 15. Abrëll.
  • 1100: Ufank vum Enseignement vum Pierre Abélard.

[Änneren] 12. Joerhonnert

  • 1103: Nominatioun vum Guillaume vu Champeaux als "Schoulmeeschter" (écolâtre) zu Paräis. Säin Enseignement huet en enorme Prestige an der Schoul vun Notre-Drame.
  • 1105: Epidemie zu Paräis, wahrscheinlech d'Gripp.
  • 12. Mäerz 1111: D'Paräisser bleiwen dem Kinnek trei a verhënneren datt de Robert vu Meulan d'Stad anhëllt.
  • 1112: Paräis ka sech als Haaptstad vun de Kapetinger géint Orléans duerchsetzen.
  • 1117: Kastratioun vum Abélard op den Uerder vum Kanoniker Fulbert, Monni vun der Héloïse.
  • Ëm 1120: Installatioun vun de Schoulmeeschteren an de Schüler op der Montagne Sainte-Geneviève; d'Schoul vun Notre-Dame war ze kleng ginn.
  • 1129: Ergotismus-Epidemie.
  • 3. November 1130: « Miracle des Ardents »: D'Epidemie hällt no enger Prozessioun vun de Reliquië vun der Helleger Geneviève op.
  • 2. Oktober 1131: † Philippe, eelste Jong vum Kinnek Louis den Décken, dee vu sengem Päerd erofgehäit gi war, dat duerch e Schwäin erféiert war, wat duerch d'Rue Saint-Jean gelaf ass. No dësem Accident ass et verbueden, d'Schwäin an de Stroosse lafen ze loossen.
  • 1132: De Bëschof vu Paräis verbidd d'Schoul op der Montagne Sainte-Geneviève well et duerch d'Unzuel vu Studenten ëmmer zu Onroue komm ass.
  • 1132: Brand zu Paräis.
Iwwerreschter vun der Festungsmauer vum Philippe-Auguste am Marais.
Iwwerreschter vun der Festungsmauer vum Philippe-Auguste am Marais.
  • 1137: Fir de Maart vun der Place de Grève ze ersetzen, gëtt en neie Maart aux Champeaux an d'Liewe geruff, dëst ass den Origine vun den Halles.
  • 1140: Ufank vum Enseignement vum Pierre Lombard an der Schoul vun Notre-Dame.
  • Juli 1140: Den Enseignement vum Abélard gëtt vum Konzil vu Sens veruerteelt an den Abélard geet op Cluny.
  • 1141: Fir d'Wiessler besser z'iwwerwaachen, decidéiert de Kinnek Louis VII. datt kee Wiessel ausserhalb vum Pont au Change duerf gemaach ginn.
  • 1148: De Floss Bièvre gëtt vun de Kanouniker vu Saint-Victor ëmgeleed. De Floss fléisst op der Héicht vun der aktueller Rue de Bièvre an d'Seine.
  • Wanter 1149-1150: Laange kale Wanter vun Dezember bis Februar.
  • 1150: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 50.000 Awunner geschat.
  • 1150: Den Hellege Bernard ernimmt déi éischt Wandmillen op der Butte Copeaux.
  • 1154: Début de l’assèchement par les chanoines de Sainte Opportune des marais situés entre Montmartre et la ville.
  • 1164: Bei der Rekonstruktioun vun der Kathedral gëtt d'Rue Neuve Notre Dame geschaf. Duerch dës Arbechte gëtt den Hôtel-Dieu zerstéiert, dee südlech vu senger aler Plaz nees opgebaut gëtt.
  • 5. Februar 1180: D'Uféierer vun der jiddescher Kommunautéit vu Paräis gi festgeholl. Si gi vum Philippe Auguste veruerteelt, 15.000 Sëlwermarken als Stroof ze bezuelen.
  • Abrëll 1182: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit. Aus hirer Synagog gëtt d'Kierch La Madeleine.
  • 19. Mee 1182: Den Haaptaltoer vun der Kathedral Notre-Dame gëtt ageweiht.
  • 1186: Op en Uerder vum Philippe-Auguste kréien d'Haaptstroosse vu Paräis e Pavé.
  • 1188 - 1190: Chronesch Hongersnout.
  • 1190 - 1220 : De Philippe Auguste léisst eng nei Festungsmauer zu Paräis bauen.
  • 3. Abrëll 1194: An der Schluecht vu Freteval ginn d'kinneklech Archiver verluer. De Philippe-Auguste decidéiert alles an zwéin Exemplairen opzehiewen, wouvunner een obligatoresch zu Paräis versuergt muss ginn.
  • 1194: Hongersnout.
  • 1196: Héichwaasser vun der Seine.
  • 1196 - 1197: Hongersnout.
  • Mäerz 1197: Héichwaasser vun der Seine wat d'Paräisser Brécke matrappt.
  • 1198: D'Judde kommen nees op Paräis zeréck ënnert der Konditioun vill Steieren ze bezuelen.
  • 1198: En éischt Klouschter gëtt zu Saint-Antoine-des-Champs gegrënnt.
  • Ëm 1200: Éischt Zeeche fir d'Identifikatioun vu Privathaiser z'erméiglechen .
  • 1200: Tëscht de Studenten an den Truppe vum Prévôt vu Paräis, 5 Doudeger. De Philippe-Auguste gëtt de Studente Recht a konfirméiert de Privileg vun de Schoulmeeschter a Studenten, datt si nëmme vun der Justiz vum Bëschof ofhängeg sinn. Et ass den Ufank vun der Universitéit.

[Änneren] 13. Joerhonnert

  • 1202: De Palais du Louvre gëtt fäerdeggestallt.
  • Dezember 1206: Héichwaasser vun der Seine, vill Haiser ginn zerstéiert.
  • 1210: De Poopst Innozenz III. erlaabt de Meeschtere vun der Universitéit, sech als Korporatioun zesummenzedinn.
  • 1210: D'Häresie vun den Unhänger vum Amaury vu Chartres gëtt veruerteelt. Si gi verbrannt well si d'Studium vun der Metaphysik vum Aristoteles ze wäit gedriwwen hunn.
  • 27. August 1214: De Philippe-Auguste gëtt no der Schluecht vu Bouvines feierlech zu Paräis empfaangen.
  • August 1215: De Robert vu Courson mécht en Don vu senge Statuter un d'Universitéit vu Paräis.
  • 1220: D'Arbechten un der Festungsmauer vum Philippe-Auguste, déi 273 Hektar beschützt, gi fäerdeggestallt.
  • 1221: Héichwaasser vun der Seine an Hongersnout.
  • 1224-1225: Laange Wanter vum 9. Oktober bis zum 25. Abrëll. Grouss Epidemie an Europa an zu Paräis.
  • 1225: D'Paräisser Studente ginn onroueg nodems de Legat vum Poopst d'Sigel vun der Universitéit, wat si 1221 kritt hat, zerstéiert. Zwee Männer vum Legat kommen ëm d'Liewen.
  • 26. Februar 1229: Fir d'Fuesend kënnt zu neien Onrouen tëscht de Studenten an de Männer vum Prévôt vu Paräis.
  • 15. Abrëll 1229: Nom Sträit vum 26. Februar verloosse vill Schoulmeeschter a Studente Paräis fir Oxford a Cambridge.
  • 13. Abrëll 1231: Enn vum Konflikt vun der Universitéit mat der Bulle Parens scientiarum déi d'Studenten zum Klerus zielt.
Festungsmauer vum Philippe-Auguste am Joer 1223.
Festungsmauer vum Philippe-Auguste am Joer 1223.
  • Ëm 1240: Op en Uerder vum Guillaume vun der Auvergne ginn d'Klacken duerch Auere geregelt.
  • 1246: Finanziell a juristesch Autonomie vun der Universitéit vu Paräis, déi hirt eegent Sigel kritt.
  • 1248: D'Helleg Bonaventura léiert un der Universitéit vu Paräis.
  • 26. Abrëll 1248: Konsekratioun vun der Sainte-Chapelle.
  • Ëm 1250: Konstruktioun vun der Cura Regis (Parlament) mat den éischte reng juristesche Sessiounen. D'Paräisser Parlament ass keng lokal mee national Institutioun, déi och vun der Picardie bis an d'Auvergne, vun de Pays de Loire bis an d'Champagne geet.
  • 1252: Den Thomas vun Aquin léiert un der Universitéit vu Paräis.
  • 1254: Den Hospice des Quinze-Vingt, deen 300 Blanner versuerge soll, gëtt vum Saint-Louis.
  • 1254: Zu Paräis kënnt en Elefant un, deen de Saint-Louis dem Henry III. vun England schenkt.
  • Ëm 1255: De Greffier vum Parlament, de Jean de Montmartre, mécht seng éischt Registeren op, d'Olim.
  • 1. September 1257: De Robert de Sorbon mécht e Kolléischt op, d'spéider Sorbonne.
  • 1261: De Prévôt vu Paräis gëtt zu engem einfache kinnekleche Fonctionnaire.
  • 1268: Kompilatioun vum Livre des Métiers vum kinnekleche Prévôt Étienne Boileau, deen d'Statuter vun 132 Beruffer ernimmt.
  • 1292: Publikatioun vum Livre de taille, engem steierlechen Dokument wat 300 Stroossen erfaasst.
  • 1292: Héichpunkt vun der Universitéit vu Paräis, déi vum Poopst d'Recht kritt, d'ganzt Chrëschtentum ze ënnerriichten.
  • 21. Dezember 1296: Héichwaasser vun der Seine.
  • 1299: Fir d'éischte Kéier gëtt d'Konstruktioun vun enger Auer zu Paräis ernimmt.
  • 1300: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 150.000-200.000 Awunner geschat.
  • Ëm 1300: Et gesäit een éischt Enseignen fir Aubergen an Hôteller z'identifizéieren.
  • Ëm 1300: Éischt Lëscht vun de Stroossennimm vu Paräis am Dit des rues de Paris.

[Änneren] 14. Joerhonnert

  • 23. Mäerz 1302: Reunioun vun de Generalstänn an der Notre-Dame vun de Fransousen déi d'Langue d'oïl schwetzen, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
  • 13. Juni 1303: Op en Neits eng Reunioun vun de Generalstänn, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
  • 1304: D'Wiessler ginn um Grand-Pont installéiert, deen elo den Numm Pont au Change kritt.
  • 1305: Wéinst Arbechten um Pont au Change, maachen d'Wiessler hir Arbecht um rietsen Ufer beim Châtelet. Bis dohinn hu si déi verschidden europäesch Währunge gewiesselt, lues a lues fänke si och unn, Suen ze léinen. Dës Zort vu Wiessler gëtt Lombards genannt.
  • 21. Juni 1306: D'Judde ginn aus Paräis erausgehäit an hire Besëtz gëtt konfiszéiert.
  • 30. Dezember 1306: Opstand vun der Bevëlkerung well d'Loyersën an d'Luut gaange sinn.
  • 5. Januar 1307: 28 Manifestanten, déi géint d'Erhéigung vun de Loyersë protestéiert hunn, ginn erhaangen.
  • 1307: D'Paräisser Parlament gëtt zu enger permanenter Institutioun fir d'kinneklech Justiz a leschter Instanz. Nëmmen de Conseil du Roi kann dës Uerteeler revidéieren.
D'Templer gi verbrannt.
D'Templer gi verbrannt.
  • 13. Oktober 1307: D'Templer gi festgeholl.
  • Juni 1310: D'Mystikerin Marguerite Porete gëtt op der Place de Grève fir hirt Buch Le Miroir des âmes simples et anéanties verbrannt.
  • 1311: D'Langobarde ginn erausgehäit.
  • 1313: En éischte Quai gëtt tëscht dem Klouschter Grands Augustins an dem Hôtel de Nesle gebaut.
  • 13. Juni 1313: Op en Neits Reunioun vun de Generalstänn an der Notre-Dame vun de Fransousen déi d'Langue d'oïl schwetzen, fir de Kinnek an engem Konflikt géint de Poopst z'ënnerstëtzen.
  • 19. Mäerz 1314: D'Templer, ënnert hinnen de Jacques de Molay, ginn op der Île de la Cité verbrannt.
  • Juli 1315: D'Judden däerfen nees zeréck op Paräis kommen.
  • Wanter 1315-1316: Kale laange Wanter vum Dezember bis Päischten, et kënnt zu enger Hongersnout an d'Seine ass zougefruer.
  • 1320: D'Paräisser Bevëlkerung gëtt op 250.000 Awunner geschat.
  • Dezember 1320: D'Parlament gëtt an dräi Kummeren opgedeelt: Grand-Chambre, Chambre des enquêtes et Chambre des requêtes :
  • 1322: De Prévôt vu Paräis erlaabt d'Nuetsarbecht.
  • 1323: Éischten touristesche Guide iwwer Paräis vum Jean de Jandun.
  • Februar 1328: Déidlech Epidemie zu Paräis.
  • 1345: No 182 Joer gëtt d'Notre-Dame fäerdeggestallt.
  • August 1348: Schwaarz Pescht zu Paräis.
  • 1348: Kinnekleche Verbued, d'Stroossen nom Reen ze kieren, fir datt manner Knascht an d'Seine kënnt, wat d'Haaptdrénkwaasser vun de Paräisser ass.
  • Mee 1349: De kinnekleche Conseil verléisst Paräis um Héichpunkt vun der Pescht.
  • 7. Juli 1357: Den Étienne Marcel, Prévôt des marchands zënter 1355, keeft d'Maison aux piliers op der Place de Grève fir d'Municipalitéit hei z'installéieren.
  • 24. Januar 1358: Den Tresorier vum Dauphin, de Jean Baillet, gëtt vum Wiessler Marc Perrin ëmbruecht.
  • 22. Februar 1358: D'Paräisser ënnert dem Étienne Marcel stiermen de Palais de la Cité. Den Étienne Marcel dreemt dervunn, Paräis en autonome Status ze ginn.
  • 24. Februar 1358: Den Dauphin versprécht, datt hien d'Grouss Ordonnance respektéiere wäert, a véier Paräisser Bierger, ënnert hinnen den Étienne Marcel, kommen a säi Conseil.
  • 4. Mee 1358: De Kinnek vun Navarra Charles II. de Schlechten kënnt op Paräis.
  • 14. Mee 1358: Edikt vum Vermandois vum Dauphin dee Paräis belagert.
  • 10. Juni 1358: Enn vun der Jacquerie vun de Bauere vum Beauvaisis déi den Étienne Marcel ënnerstëtzt hat.
  • 11. Juli 1358: D'Paräisser probéieren aus der belagerter Stad erauszekommen, mee ginn zu Bercy ugehalen.
  • 19. Juli 1358: D'Belagerung gëtt vum Dauphin wéinst engem Mangel u Suen nees opgehuewen.
  • 21. Juli 1358: Kläpperei tëscht Paräisser an Englänner, eng 30 Englänner kommen ëm d'Liewen.
  • 22. Juli 1358: Expeditioun vu Paräisser fir d'Englänner vu Saint-Cloud a Saint-Denis ze verdreiwen, mee ouni Succès, d'Paräisser gi massakréiert.
Den Étienne Marcel gëtt ëmbruecht (Chronik vum Jean Froissard).
Den Étienne Marcel gëtt ëmbruecht (Chronik vum Jean Froissard).
  • 31. Juli 1358: Tentative vum Étienne Marcel fir d'Dire vun der Stad fir d'englesch Sëldner an de Kinnek vun Navarra opzemaachen. Hie gëtt bei der Bastide Saint-Antoine vu Leit vum Dauphin ëmbruecht.
  • 2. August 1358: Triumphal Entrée vum Dauphin, spéidere Charles V. le Sage, zu Paräis.
  • 10. August 1358: Nodeems e puer Unhänger vum Étienne Marcel higeriicht goufen, gëtt eng Amnestie ausgeruff.
  • 13. Mee 1360: Eng Conventioun tëscht de Bierger vu Paräis an den Englänner gëtt ënnerschriwwe fir 10 Befestegungsanlagen zeréckzekafen, déi d'Kommunikatiounen an de Ravitaillement vun der Stad genéieren.
  • 1360 - 1363: Peschtepidemie.
  • 1364: De Charles V gëtt zum Kinnek vu Frankräich gekréint. Hie verléisst den Hôtel Saint-Pol am Marais, an installéiert sech am Louvre, deen hie renovéiere léisst.
  • 1365: D'Bevëlkerung vu Paräis gëtt op 275.000 Awunner geschat.
  • 1366 - 1369: Peschtepidemie.
  • 1368: D'Bièvre gëtt op en Neits ëmgeleed a fléisst op der Héicht vun den Tournelles an d'Seine.
  • 1370: No enger kinneklecher Ordonnance lauden d'Kiercheklacken d'Stonnen an d'Véirelstonnen no der Zäit vun der Auer vum Henri de Vic am Palais de la Cité.
  • 22. Abrëll 1370: Den éischte Steen fir d'Bastille gëtt geluegt.
  • 1372: D'Jeanne Daubenton, aktive Member vum Libre-Esprit, gëtt op der Place de Grève verbrannt.
  • 1373: Héichwaasser vun der Seine.
  • 1374: Peschtepidemie.
  • 1374: D'Paräisser mussen obligatoresch an hire Logementer privat Latrinen installéieren, fir datt d'Stroosse propper bleiwen.
  • 1378: De Pont Saint-Michel, dee fir d'éischt Pont Neuf geheescht huet, gëtt gebaut.
  • 1379 - 1380: Peschtepidemie.
  • 1380: D'Arbechte vun der Festungsmauer vum Charles V., déi 439 Hektar beschützt, si fäerdeg.
  • 1382: Peschtepidemie.
  • 1392: Zu Paräis gëtt et aacht Säll fir de Jeu de paume.
  • 1395: D'Nuetsarbecht (erlaabt zënter 1322) gëtt nees verbueden.
  • 22. Januar 1397: Ordonnance vum Prévôt vu Paräis, déi widerhëllt, datt de Jeu de paume verbueden ass.
  • 22. Juni 1397: De Prévôt vu Paräis verbitt de Jeu de Paume all Dag ausser Sondes, « parce que plusieurs gens de métier et autres du petit peuple quittaient leur ouvrage et leur famille pendant les jours ouvrables, ce qui était fort préjudiciable pour le bon ordre public ».
  • 1399 - 1401 : Peschtepidemie.

[Änneren] 15. Joerhonnert

  • 1407 - 1408: Kale laange Wanter vum 10. November bis 10. Abrëll, d'Seine ass zougefruer an d'Liewensmëttel gi knapp.
  • 1413: Revolt vun de Cabochiens.
  • 1419 - 1420: Laange kale Wanter mat vill Schnéi. Wëllef zu Paräis.

[Änneren] Neizäit

François Dubois, Le Massacre de la Saint-Barthélemy
François Dubois, Le Massacre de la Saint-Barthélemy
  • 15. Abrëll 1521: D'Theorië vum Luther gi vun der Sorbonne veruerteelt.
  • Dezember 1531: Peschtepidemie.
  • 17. - 18. Oktober 1534: Affär vun de Placards.
  • 29. Juli 1538: Explosioun vun der Tour de La Forge, eng Polverreserv.
  • 22. Abrëll 1547: Den éischten Holzzuch kënnt zu Paräis iwwert d'Seine unn.
  • 30. August 1548: Den éischte permanenten Theater gëtt am Hôtel de Bourgogne ageweiht.
  • 1553: D'Italiener brénge Sorbetsë mat op Paräis.
  • 4. - 5. September: Opstand vun de Paräisser Katholike géint d'Reform.
  • 25. Mee 1559: Éischte calvinistesche Synod an der Rue des Marais.
  • 23. - 24. August 1572 : Bartholomäusnuecht.
  • 1587: Kreatioun vun engem arabesche Stull am Collège de France.
  • 1588: « Dag vun de Barrikaden », Ufank vun der Paräisser Liga.
  • 1590: Belagerung vu Paräis duerch den Henri IV.; 100 000 Doudeger.
  • 3. Januar 1591: « Journée des farines », Versuch vum Henri IV. a Paräis eranzekommen.
  • 22. Mäerz 1594: Den Henri IV. kënnt a Paräis eran.
  • 1594: D'Bäll, déi fir de Jeu de paume zu Paräis hirgestallt goufen, duerfen d'Stad net verloossen.
  • 14. Mee 1610: Den Henri IV. gëtt an der Rue de la ferronnerie ëmbruecht.
  • 1615 - 1616: Äisege Wanter. D'Seine ass vum 1. bis 30. Januar zougefruer.
  • 1628: Publikatioun vun der éischter Étude zu der Paräisser Ëmgangssprooch.
  • 30. Mee 1631: Éischt Nummer vun der Paräisser Zeitung La Gazette de France.
  • 1636: Den Téi gëtt zu Paräis agefouert .
  • 1643: Dat éischt Geschäft fir Kaffi geet zu Paräis op, ka sech awer net duerchsetzen.
  • 27. August 1648: « Dag vun de Barrikaden ».
  • 15. Mee 1651: Déi éischt modern Päerdscourse gëtt zu Paräis organiséiert.
  • 27. Februar 1658: Héchsten Héichwaasser vun der Seine matc 8,96 m.
  • 1617-1676: De Kinnek Louis XIII. léisst eng nei Enceinte bauen.
  • 1708-1709: Äisege Wanter. Den 13. Januar ginn zu Paräis -23,1°C gemooss. 10 Deeg laang falen d'Temperaturen ënner -10°C, de Rekord läit bei -26°C.
  • 26. Dezember 1740: Héichwaasser vun der Seine mat 8,05 m.
  • 1775-1776: Äisege Wanter zu Paräis, d'Seine ass zougefruer an et gëtt e Rekord vu -17,2°C den 29. Januar gemooss.
  • 21. November 1783: Éischte Vol vun engem Mënsch an engem Ballon duerch de Fransous Pilatre de Rosier. Dësen éischte Vol iwwer Paräis dauert 28 Minutten a flitt 1.000 Meter héich.
  • 1783-1784. Äisege Wanter, et ass während 69 Deeg zu Paräis gefruer an d'Rekordtemperatur läit bei -19,1°C. D'Seine ass fir zwee Méint zougefruer.
  • 1785: Mauer vun de Fermiers généraux
  • 1788-1789: Äisege Wanter, d'Seine ass vun November bis Januar zougefruer, d'Rekordtemperatur läit bei 21,8C°.

[Änneren] Franséisch Revolutioun

Jean-Pierre Louis Laurent Houel, La prise de la Bastille, 1789.
Jean-Pierre Louis Laurent Houel, La prise de la Bastille, 1789.

[Änneren] Zäitgeschicht

[Änneren] 19. Joerhonnert

  • 9. August 1803: D'Dampschëff vum Fulton gëtt op der Seine virgefouert.
  • 2. Dezember 1804: Den Napoléon kréint sech selwer an der Notre-Dame zum Keeser.
  • 24. Oktober 1806: Inauguratioun vum Pont d'Austerlitz.
  • 29. Juli 1807: Dekret deen d'Paräisser Theater op 8 reduzéiert.
  • 15. August 1810: Inauguratioun vun der éischter Colonne Vendôme.
  • 1816: 5 000 Lantere sollen 1 600 Paräisser Stroosse beliichten, an et gëtt vill Plainte well dës Beliichtung vu schlechter Qualitéit ass. Dofir gëtt ëmgestallt op Beliichtung duerch Gas, wat sech schonn zu London duerchgesat huet.
  • 8. Juli 1817: D'Achterbunne ginn am Jardin Beaujon ageweiht.
  • 1819: D'Paräisser Pomjeeë kréien eng Turnhal.
  • Oktober 1824: Inauguratioun vum éischte Seriekonfektiounsgeschäft La belle jardinière vum Pierre Parissot.
  • 3. Juni 1825: Éischt Versich vu Beliichtung mat Gas op der Place Vendôme.
  • 4. November 1825: Inauguratioun vum Kanal Saint-Martin.
  • 30. Januar 1828: Éischt Omnibus-Linnen, déi vu Päerd gezu ginn, fir en ëffentlechen Transport ze garantéieren.
  • 1826: D'Libraire vum Louis Hachette gëtt gegrënnt.
Den Obelix vu Luxor op der Place de la Concorde.
Den Obelix vu Luxor op der Place de la Concorde.
D'Commune vu Paräis
D'Commune vu Paräis

[Änneren] 20. Joerhonnert

D'« Taxis de la Marne ».
D'« Taxis de la Marne ».
Amerikanesch Truppen op de Champs-Élysées.
Amerikanesch Truppen op de Champs-Élysées.
D'Tour Montparnasse.
D'Tour Montparnasse.
  • 6. Februar 1973: Brand am Collège Édouard Pailleron ; 23 Doudeger.
  • 25. Abrëll 1973: Inauguratioun vum leschte Stéck vum Boulevard périphérique.
  • 13. September 1973: Inauguratioun vun der Tour Montparnasse.
  • 1. Januar 1975: Kreatioun vun der Carte orange.
  • 31. Januar 1977: Inauguratioun vum Centre d'Art et de Culture Georges Pompidou.
  • 25. Mäerz 1977: De Jacques Chirac gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
  • 8. Dezember 1977: Inauguratioun vun der Métro/RER-Statioun Châtelet - Les Halles.
  • 1. Mee 1979: « Nuit bleue »: Serie vun 12 Attentater vum korseschen FLNC.
  • 4. September 1979: Inauguratioun vum Forum des Halles.
  • 3. Oktober 1980: Terroristescht Attentat op d'Synagog an der Rue Copernic ; 4 Doudeger.
  • 22. September 1981: Inauguratioun vun der éischter TGVslinn tëscht Paräis a Lyon.
  • 12. Januar 1984: Inauguratioun vum Spektakelsall Zénith am Parc de la Villette.
  • 3. Februar 1984: Inauguratioun vum Palais omnisports de Paris-Bercy.
  • 1985 - 1986: Islamistesch Attentater zu Paräis.
  • 22. Mee 1995: De Jean Tiberi gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
  • 17. Oktober 1995: Terroristescht Attentat tëscht den RER-Statioune vum Musée d'Orsay a Saint-Michel.
  • 27. Dezember 1999: Stuerm a ganz Frankräich, zu Paräis bléist de Wand mat 169 km/Stonn, a mat iwwer 220 km/Stonn un der Spëtzt vum Eiffeltuerm.
  • 21. Dezember 2000: Inauguratioun vum Europäesche Spidol Georges-Pompidou.

[Änneren] 21. Joerhonnert

  • 18. Mäerz 2001: De Sozialist Bertrand Delanoë gëtt zum Buergermeeschter vu Paräis gewielt.
  • 21. Juli - 18. August 2002: Éischt Editioun vu "Paris-Plage" mat 1.000 Tonne feinem Sand a Palmen. Ët ass e grousse Succès fir d'Haaptstad mat iwwer 2,5 Millioune Besicher.
  • 5. Oktober 2002: Éischt Editioun vun der « Nuit Blanche » déi d'zäitgenëssesch Konscht eng ganz Nuecht laang feiert.
  • 2003: Ganz waarme Summer mat 15.000 Doudeger a ganz Frankräich. Zu Paräis ginn et 9 Deeg mat iwwer 35°C vum 4. bis 12. August. Rekord vun der Minimaltemperatur an der Nuecht mat 25,5°C an der Nuecht vum 11. op den 12. August. Et ass de wäermste Summer zënter offiziell Daten zu Paräis notéiert ginn (1757).
  • November 2003: Sozialen Europäesche Forum, organiséiert vun den Altermondialisten.
  • Summer 2005: Bränn zu Paräis mat ronn 20 Doudesaffer.
  • Mäerz 2006: D'Paräisser Universitéite si vun de Studente besat. D'Sorbonne gëtt vun der Police evacuéiert a bis am Abrëll bleiwen d'Diren zou.
  • 16. Dezember 2006: Eng Tramlinn vu 7,9 km geet tëscht dem Pont de Garagliano an der Porte d'Ivry op. No 70 Joer kënnt den Tram nees zeréck op Paräis.
Portal vun der Stad Paräis – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Stad Paräis.

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu