Hollerech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hollerech ass e Quartier am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg an eng fréier Gemeng.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
Et gëtt ugeholl, datt déi éischt Uertschaft do tëscht dem 5. an dem 10. Joerhonnert entstanen ass. D'Por Hollerech gouf et op jidferfall schonn ëm 980. Deemools goufen Nimm wéi Holdrig oder Holrich gebraucht. Eng méiglech Erklärung vum Numm kéint och déi am Gronn geleeën St-Ulrichs-Kierch sinn. De Stadgronn huet deemools zur Por Hollerech gehéiert an aus "Ulrich" kéint iwwer "Ullerich" an "Hullerich" schlussendlech "Hollerech" entstane sinn.
Hollerech war eng Zäit eng kleng, eegestänneg Gemeng, d'Gemeng duerch déi d'Péitruss goung, d'Gemeng vum Péitrussdall.
Duerch d'Gesetz vum 7. Abrëll 1914 krut d'Gemengesektioun Hollerech-Bouneweg den Titel Stad: La qualité de ville est attribuée à la section communale de Hollerich-Bonnevoie. La nouvelle ville portera le nom de Hollerich-Bonnevoie.
Den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920) huet d'Gemeng Hollerech, zesumme mat de Gemengen Hamm a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.
Haut ass Hollerech bekannt als Paart vun der Escher Autobunn (A4) an d'Stad eran, als de Quartier mam neien Tramsschapp (Busgarage vun der Stad Lëtzebuerg), mam Sëtz vun der Dexia-BIL (fréier Banque Internationale de Luxembourg), vun der Vereenegung vun de Krankekeesen, vun eeleren industriellen Siten (Paul Würth an Heintz Van Landewyck), awer och als onëmgänglechen Treffponkt am Stater Nuetsliewen.
[Änneren] D'Buergermeeschteren
- 1905 - 1909 : Jules Fischer
[Änneren] Bekannt Hollerecher
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemengen Rollengergronn, Hollerech an Hamm mat der Stad Lëtzebuerg Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg
- Stadentwecklunsplang vun Hollerech
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polfermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens