Zens (Stad Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lëtzebuerg-Zens (Cents) ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg .
[Änneren] Geographie
Opgepasst w.e.g.: Flouernimm entspriechen net ëmmer der haiteger Schreifweis. Si sinn am Artikel esou geschriwwe wéi een s'op der ACT-Kaart erëmfënnt.
Den Zens läit op engem laangezunnene Plateau deen an Ost-Südwestrichtung liicht un Héicht verléiert. Dëse Plateau ass am Norde begrenzt duerch den Dall vum Neiduerf an am Süden duerch den Hämmerdellchen.
Am Oste stéisst en un d' Kalchesbréck an huet och do seng héchste Plaz mat 349 Meter i.NN. Op der Héicht vum Carmel geet d'Tréierer Autobunn de queesche Wee ëener dem Zens erduercht.
Am Südweste fanne mer de Fetschenhaff mat de Sportsinstallatiounen vum INS.
De westleche Wutz vum Plateau fällt relativ géi af, an den Dall vun der Uelzecht, an do fanne mer d' Polfermillen am Süden a Clausen am Norden. Den Ausleefer op der Héicht ass de Plateau vun der Rumm.
Duerch de Quartier leeft de laange Wee bal schnouerriicht d' Nationalstrooss 1A déi vu Clausen, laanscht Rumm eropklëmmt, an da weider a Richtung Kalchelsbréck a Findel féiert.
Am Süden, am Dall, leeft d'Eisebunnslinn N° 30 déi och eng Halt tëscht der Rue des Pommiers an dem Val de Hamm huet.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Kuckt och
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polfermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens