Messier 77
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Messier 77 (och bezeechent als NGC 1068) ass eng +8,90 mag hell Spiralgalaxis mat enger Surface vun 7,3' x 6,3' am Stärebild Cetus. Dës Galaxis vun der Hubble-Sequenz Sb ass als Radiogalaxis och nach ënnert dem Numm Cetus A bekannt an huet en aktiven Galaxiskär an hirem Zentrum. Hir Distanz ass ronn 60 Millioune Liichtjoer, sou datt M77 tatsächlech eng vun deenen gréisste Spiralgalaxien am Messier-Katalog ass.
Koordinaten (Äquinoktium 2000.0)
- Rektaszensioun: 2h42m42.00s
- Deklinatioun: -00°01'00.0"