Microsoft Windows
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Microsoft Windows ass e Markennumm fir Betriibssystemer vun der Firma Microsoft. Déi éischt Versioun vu Microsoft Windows koum 1985 op de Moart a war grad wéi déi nächst Versiounen och eng einfach graphesch Erweiderung vum Betriibssystem MS-DOS. Mëttlerweil huet Windows d'DOS Fundament awer komplett verlooss a baut op en eegene Kernel op.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Déi lëtzebuergesch Versioun vu Windows an Office
Den 23. Juni 2006, op Nationalfeierdag also, huet Microsoft déi lëtzebuergesch Versioun vu Windows an Office op hirer Internetsäit virgestallt. D'Iwwersetzungsaarbechte goufe vum lëtzebuergesche Linguist Jérôme Lulling superviséiert.
Fir den Ufank kann een emol 2 sougenannt Interface Packs eroflueden, déi awer nëmmen iwwer eng englesch Windows XP, resp. Office 2003 installéiert kënne ginn.
[Änneren] Produktlinnen
Joer | DOS-Linn | NT Kernel-Linn |
---|---|---|
1985 | 1.0 | |
1987 | 2.0 | |
1990 | 3.0 | |
1992 | 3.1 | |
1993 | Windows NT 3.1 | |
1994 | Windows NT 3.5 | |
1995 | 95 | Windows NT 3.51 |
1996 | Windows NT 3.5 | |
1998 | 98 | Windows NT 4.0 |
1999 | 98SE | |
2000 | ME | Windows 2000 |
2001 | Windows XP | |
2007 | Windows Vista |