Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Foussball-Weltmeeschterschaft - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Foussball-Weltmeeschterschaft

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dësen Artikel beschreiwt d’ Foussball-Weltmeeschterschaften vun de Männer. Fir d’Weltmeeschterschaft vun de Fraen, kuckt Fraenfoussball-Weltmeeschterschaft.


D’ Foussball-Weltmeeschterschaft (FIFA-Weltpokal) vun de Männer ass en Foussballturnéier tëscht Nationalequippen dat all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass de Weltfoussballverband FIFA. D’Veranstaltung ass nieft den Olympësche Spiller dat bedeitenst Sportevenement vun der Welt. Aktuelle Weltmeeschter ass Brasilien, déi nächst Foussball-Weltmeeschterschaft gëtt 2006 an Däitschland ausgedroen.

Zënter 1991 ass och all véier Joer eng Foussball-Weltmeeschterschaft fir Dammen .

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Virun 1930 kann een d’Turnéier während an spéider nieft den Olympësche Spiller als Viirleefer bezeechnen. Spéitestens mat de Spiller 1928 war d’Wierkung vun engem internationale Foussballturnéier z'erkennen.

1863 gouf zu London d’Football Association gegrënnt an d’Zäit vum organiséierte Foussball hat domat ugefaangen. Zu dësem Zäitpunkt war d’British Empire déi aflossräichste Natioun vun der Welt, et hat op der ganzer Welt seng Stëtzpunkten a britesch Schëffer waren an all Hafen ze fannen. Dat historescht Besonnescht war d’Grondlag fir d’weltwäit Verbreedung vun den englesche Foussballregelen bannent enger Generatioun. Déi éischt Mätcher baussent de briteschen Inselen goufen a Séihäfen vu briteschen Matrousen organiséiert.

Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen an Europa an Amerika vill Nationalverbänn gegrënnt, wat d’Organisatioun vun internationale Rendez-vousen erméiglecht huet.

Dat éischt Spill tëschend Vertrieder vun nationale Verbänn war den 30.11.1872 zu London. (Schottland – England / Resultat: 0:0)

Den 21.05.1904 war en weideren Meilensteen an der Foussballgeschicht, dësen Dag gouf am franséischen Verbandshaus d’FIFA gegrënnt an domat en nationalt Denken verhënnert, trotzdem sollt et nach vill Joerzéngter daueren, bis déi amerikanesch Verbänn en bedeitenden Afloss op déi vun den europäeschen Verbänn geprägte Politik vun der FIFA kruten.

[Änneren] Turnéier a Weltmeeschter

Joer Ausdroungs-Land Finale Spill em drëtt Plaz
Weltmeeschter Resultat 2. Plaz 3. Plaz Resultat 4. Plaz
1930
Detailer
Uruguay
Uruguay
4:2
Argentinien

USA

Jugoslawien
n.a.(1)
1934
Detailer
Italien
Italien
2:1
n.V.

Tschechoslowakei

Däitschland
3:2
Éisträich
1938
Detailer
Frankräich
Italien
4:2
Ungarn

Brasilien
4:2
Schweden
1942 ---- ausgefall(2)
1946 ---- ausgefall(2)
1950
Detailer
Brasilien
Uruguay
n.a.(3)
Brasilien

Schweden
n.a.(3)
Spuenien
1954
Detailer
Schwäiz
BR Däitschland
3:2
Ungarn

Éisträich
3:1
Uruguay
1958
Detailer
Schweden
Brasilien
5:2
Schweden

Frankräich
6:3
BR Däitschland
1962
Detailer
Chile
Brasilien
3:1
Tschechoslowakei

Chile
1:0
Jugoslawien
1966
Detailer
England
England
4:2
n.V.

BR Däitschland

Portugal
2:1
Sowjetunioun
1970
Detailer
Mexiko
Brasilien
4:1
Italien

BR Däitschland
1:0
Uruguay
1974
Detailer
BR Deutschland
BR Däitschland
2:1
Niederlande

Polen
1:0
Brasilien
1978
Detailer
Argentinien
Argentinien
3:1
n.V.

Holland

Brasilien
2:1
Italien
1982
Detailer
Spuenien
Italien
3:1
BR Däitschland

Polen
3:2
Frankräich
1986
Detailer
Mexiko
Argentinien
3:2
BR Däitschland

Frankräich
4:2
n.V.

Belsch
1990
Detailer
Italien
BR Däitschland
1:0
Argentinien

Italien
2:1
England
1994
Detailer
USA
Brasilien
0:0
n.V.

Italien

Schweden
4:0
Bulgarien
3:2 no Eelefmeterschéissen
1998
Detailer
Frankräich
Frankräich
3:0
Brasilien

Kroatien
2:1
Holland
2002
Detailer
Südkorea
und Japan

Brasilien
2:0
Däitschland

Tierkei
3:2
Südkorea
2006
Detailer
Däitschland
Italien
5:3i. E.
1:1n.V.

Frankräich

Däitschland
3:1
Portugal
2010
Detailer
Südafrika
1 1930 gouf déi drëtt Plaz net ausgespillt.
2 D'FIFA konnt sech op hirem Kongress am Joer 1939 net tëschend Brasilien an Däitschland als Ausdroungs-Land fir d'WM 1942 eenegen, an huet d'Entscheedung verréckelt. Kuerz Zäit méi spéit ass den Zweete Weltkrich ausgebrach an huet all Pläng zerstéiert.
3 Net ausgedroen; d'WM 1950 gouf ouni Finale an enger Grupp ausgespillt. Uruguay huet mat mat engem 2:1-Gewënn géint Brasilien am leschte Mätch d'Tabelleféierung an domat och de WM-Titel iwerholl.

[Änneren] Auszeechnungen

Um Enn vun all Weltmeeschterschaft gi méi Auszeechnunge u Spiller an Teams vergin, déi sech vum Rescht beim Betruechten vun verschiddenen Aspekter bemierkbar gemaach hun.

Aktuell gët et fënnef verschidden Auszeechnungen:

  • den Adidas Gëllene Schong fir de Spiller deen déi meeschte Goler geschoss huet;
  • den Adidas Gëllene Ball fir de beschte Spiller;
  • d' Lev Yashin-Trophäe fir de beschte Golkipper;
  • den FIFA Fair Play Award fir dat fairsten Team;
  • d' Equipe mat der beschter Ënnerhaalung vun der WM

[Änneren] Adidas Gëllene Schong

De Gëllene Schong gët dem beschten Torschütze vun enger WM-Ennronn iwerreecht. Fir d'éischt ass dës Auszeechnung bei der WM 1982 vergi gin.

Weltmeeschterschaft Spiller Goaler
1930 Uruguay Guillermo Stabile (Argentinien) 8
1934 Italien Oldrich Nejedlý (Tschechoslowakei) 5
1938 Frankräich Leônidas (Brasilien) 8
1950 Brasilien Ademir (Brasilien) 9
1954 Schwäiz Sandor Kocsis (Ungarn) 11
1958 Schweden Just Fontaine (Frankräich) 13
1962 Chile Garrincha (Brasilien)
Vava (Brasilien)
Leonel Sanchez (Chile)
Drazen Jerkovic (Jugoslawien)
Valentin Ivanov (Sowjetunioun)
Florian Albert (Ungarn)
4
1966 England Eusebio (Portugal) 9
1970 Mexiko Gerd Müller (BRD) 10
1974 BRD Grzegorz Lato (Polen) 7
1978 Argentinien Mario Kempes (Argentinien) 6
Gëllene-Schong-Gewënner
1982 Spuenien Paolo Rossi (Italien) 6
1986 Mexiko Gary Lineker (England) 6
1990 Italien Salvatore Schillaci (Italien) 6
1994 USA Hristo Stoichkov (Bulgarien)
Oleg Salenko (Russland)
6
1998 Frankräich Davor Suker (Kroatien) 6
2002 Südkorea/Japan Ronaldo (Brasilien) 8

[Änneren] Adidas Gëllene Ball

De Gëllene Ball ass eng auszeechnung, déi un de beschte Spiller vun enger WM-Ennronn vergi gët. d'FIFA nomminéiert dofir zéng Spiller, aus deenen dann d'Medienreprésentant'en wiele kënnen. De Spiller mat de meeschte Stëmmen krit dann de Gëllene Ball iwerreecht, de Spiller mat den zweet meeschte Stëmmen gewënnt de Sëlwere Ball an den drëttplazéierte gewënnt de Bronzene Ball. Bis elo hun ëmmer Spiller aus dräi ënnerschiddlechen Natioune déi dräi éischt Plaze beluecht.

Weltmeeschterschaft Gëllene Ball Sëlwere Ball Bronzene Ball
1982 Spuenien Paolo Rossi
(Italien)
Falcão
(Brasilien)
Karl-Heinz Rummenigge
(BRD)
1986 Mexiko Diego Maradona
(Argentinien)
Harald Schumacher
(BRD)
Preben Elkjaer-Larsen
(Dänemark)
1990 Italien Salvatore Schillaci
(Italien)
Lothar Matthäus
(Däitschland)
Diego Maradona
(Argentinien)
1994 USA Romário
(Brasilien)
Roberto Baggio
(Italien)
Hristo Stoichkov
(Bulgarien)
1998 Frankräich Ronaldo
(Brasilien)
Davor Suker
(Kroatien)
Lilian Thuram
(Frankräich)
2002 Südkorea/Japan Oliver Kahn
(Däitschland)
Ronaldo
(Brasilien)
Hong Myung-Bo
(Südkorea)

[Änneren] Lev Yashin-Trophäe

D' Lev Yashin-Trophäe gët säit 1994 un de beschte Goalkipper vun enger WM-Ennronn vergin. De Präis ass nom legendären russesche Goalkipper Lew Jashin benannt.

Weltmeeschterschaft Lev Yashin-Trophäe Gewënner
1994 USA Michel Preud'homme (Belsch)
1998 Frankräich Fabien Barthez (Frankräich)
2002 Südkorea/Japan Oliver Kahn (Däitschland)
2006 Däitschland Gianluigi Buffon (Italien)

[Änneren] FIFA Fair Play Award

De FIFA Fair Play Award gëtt dem fairsten Team vun der WM-Endronn verginn. Et goufen allerdéngs ginn nëmmen Equipe berücksichtigt, déi sëch fir déi zweet Ronn qualifizéiere konnten.

Weltmeeschterschaft FIFA-Fair-Play-Award-Gewënner
1978 Argentinien Argentinien
1982 Spanien Brasilien
1986 Mexiko Brasilien
1990 Italien England
1994 USA Brasilien
1998 Frankräich England
Frankräich
2002 Südkorea/Japan Belsch

[Änneren] Equipe mat der beschter Ënnerhaalung

D'Auszeechnung vun der Equipe mat der beschter Ënnerhaalung geet un d'Equipe, déi d'Publikum mat hirer Spillweis an hirem Optrieden bei der WM-Ennronn am meeschten Ënnerhaal huet. D'Entscheedung get dobäi vun der Öffentlëchkeet getraff, déi bei der Oofstëmmung deel huele kann. Dës Auszeechnung gouf 1994 fir d'éischte kéier vergin.

Weltmeeschterschaft Ënnerhalsamst Equipe
1994 USA Brasilien
1998 Frankreich Frankräich
2002 Südkorea/Japan Südkorea

[Änneren] Ranglëschten

[Änneren] Ranglëscht vun de Weltmeeschter

1. Brasilien - 1958, 1962, 1970, 1994, 2002 (5 Titel)
2. Däitschland - 1954, 1974, 1990, (3 Titel)
    Italien - 1934, 1938, 1982 (3 Titel)
4. Argentinien - 1978, 1986 (2 Titel)
    Uruguay - 1930, 1950 (2 Titel)
6. England - 1966 (1 Titel)
    Frankräich - 1998 (1 Titel)

[Änneren] Ranglëscht vun de Vize-Weltmeeschter

1. Däitschland - 1966, 1982, 1986, 2002 (4x)
2. Argentinien - 1930, 1990 (2x)
     Brasilien - 1950, 1998 (2x)
     Italien - 1970, 1994 (2x)
     Holland - 1974, 1978 (2x)
     Tschechoslowakei - 1934, 1962 (2x)
     Ungarn - 1938, 1954 (2x)
8. Schweden - 1958 (1x)

[Änneren] Ranglëscht vun den Halleffinalisten

1. Brasilien, Däitschland (10x)
3. Italien (7x)
4. Argentinien, Uruguay, Schweden, Frankräich (4x)

[Änneren] Ranglëscht vun de WM-Participatiounen

1. Brasilien (17 Participatiounen)
2. Däitschland und Italien (15x)
4. Argentinien (13)
5. Mexiko (12x)
6. Belsch, England, Frankräich, Spuenien (11x)
10. Schweden, Uruguay (10x)

[Änneren] Ranglëscht mat de Länner mat de meeschten erzielte Goler bei enger WM

1. Ungarn - 1954 (27 Goler a 5 Mätcher; 5,4 pro Mätch)
2. Däitschland - 1954 (25 Goler a 6 Mätcher; 4,2 pro Mätch)
3. Frankräich - 1958 (23 Goler a 6 Mätcher; 3,8 pro Mätch)
4. Brasilien - 1950 (22 Goler a 6 Mätcher; 3,7 pro Mätch)
5. Brasilien - 1970 (19 Goler a 6 Mätcher; 3,2 pro Mätch)

[Änneren] Spiller mat de meeschte WM-Participatiounen

Zwee Spiller hun un fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl:

  • Antonio Carbajal (Mexiko) (5 Participatiounen - 1950 bis 1966)
  • Lothar Matthäus (Däitschland) (5 Participatiounen - 1982 bis 1998)

Véierzéng Spiller hun un véier Weltmeeschterschaften deelgeholl:

  • Djalma Santos (Brasilien) (4 - 1954 bis 1966)
  • Pelé (Brasilien) (4 - 1958 bis 1970)
  • Karl-Heinz Schnellinger (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
  • Uwe Seeler (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
  • Gianni Rivera (Italien) (4 - 1962 bis 1974)
  • Pedro Rocha (Uruguay) (4 - 1962 bis 1974)
  • Wladyslaw Zmuda (Polen) (4 - 1974 bis 1986)
  • Diego Maradona (Argentinien) (4 - 1982 bis 1994)
  • Giuseppe Bergomi (Italien) (4 - 1982 bis 1990 und 1998)
  • Enzo Scifo (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
  • Franky van der Elst (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
  • Andoni Zubizarreta (Spuenien) (4 - 1986 bis 1998)
  • Paolo Maldini (Italien) (4 - 1990 bis 2002)
  • Lew Jaschin (Russland) (4 - 1958 bis 1970)

[Änneren] Ranglëscht vun de Spiller mat de meeschte WM-Mätcher

1. Lothar Matthäus (25 Mätcher)
2. Paolo Maldini (23 Mätcher)
3. Diego Maradona, Uwe Seeler, Wladyslaw Zmuda (21 Mätcher)
6. Grzegorz Lato (20 Mätcher)
7. Wolfgang Overath, Karl-Heinz Rummenigge, Berti Vogts (19 Mätcher)

[Änneren] Ranglëscht vun de WM-Torschützen

1. Gerd Müller (Däitschland) (14 Goler)
2. Just Fontaine (Frankräich) (13 Goler)
3. Pelé (Brasilien) (12 Goler) Ronaldo (Brasilien) (12 Goler)
5. Sandor Kocsis (Ungarn) (11 Goler) Jürgen Klinsmann (Bundesrepublik Däitschland) (11 Goler)
7. Helmut Rahn (Bundesrepublik Däitschland) (10 Goler) Teofilo Cubillas (Peru) (10 Goler) Grzegorz Lato (Polen) (10 Goler) Gary Lineker (England) (10 Goler) Gabriel Batistuta (Argentinien) (10 Goler)

[Änneren] Fakten

  • De jéngste Spiller bei enger WM: Norman Whiteside (Nordirland) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1982
  • De jéngste Spiller, deen bei enger WM en Gol geschoss huet: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
  • De jéngste Spiller, deen Weltmeeschter gin ass: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
  • Den eelsten Spiller, deen bei enger WM en Gol geschoss huet: Roger Milla (Kamerun) am Alter vun 42 Joer bei der WM 1994
  • Déi éischt Rout Kaart: Carlos Caszely (Chile) bei der WM 1974
  • Déi meescht Rout Kaarten: Rigobert Song (Kamerun) - 2 mol bei 3 WM-Participatiounen
  • Déi meescht Eelefmeter-Goler: Gabriel Batistuta, Eusebio an Rob Rensenbrink – 4 Goler

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Literatur

  • Bergmann, Winfried / Huba, Karl-Heinz / Mrazek, Karl-Heinz: Die Geschichte der Fussball - Weltmeisterschaft, Copress-Verlag, 1991, 208 Säiten (ISBN 3767903113)
  • Fuhr, Wolfgang: Fußballweltmeisterschaften, Agon-Verlag, Mee 2005 (ISBN 3897842653)
  • Grüne, Hardy: Fußball WM Enzyklopädie 1930-2006, Agon-Verlag, Dez. 2002 (ISBN 389784205X)
  • Hartmann, Waldemar / Netzer, Günter / Kauer, Robert: Menschen, Tore & Sensationen. Geschichte und Geschichten. WM 1930-2006, Wero Press, Juli 2002, 268 Säiten (ISBN 3980697371)
  • Schulze-Marmeling, Dietrich / Dahlkamp, Hubert: Die Geschichte der Fußball-Weltmeisterschaft 1930-2006, Die Werkstatt, Abrëll 2004, 560 Säiten (ISBN 3895334618)

[Änneren] Um Spaweck


Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu