Leonhard Euler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Leonhard Euler (* 15. Abrëll 1707 zu Riehen (Schwäiz); † 18. September 1783 zu St. Petersburg) war e Schwäizer Mathematiker a Physiker.
Hee war produktiv an huet d'Mathematik vum 18. Joerhonnert dominéiert. Hee war ee vun deenen éischten, deen d'Analyse an der Physik developpéiert huet. No him sinn 23 mathematesch Objeten, Formelen a Resultater benannt.
De 17. Mee 1727 huet den Daniel Bernoulli en un d'Akademie vu St. Petersburg geruff.
Déi lescht siwenzéng Joer vu sengem Liewe war e komplett blann, wat en awer no dovun ofgehalen huet, bal d'Halschent vu senger Aarbecht an deer Zäit ze realiséieren.
Posthum ass en zu speziellen Éiere komm: säi Bild war um Schwäizer 10-Frang-Schäin aus der virechter Serie. E Moundkrater an en Asteroid sinn no him benannt.