New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Mikis Theodorakis - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Mikis Theodorakis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Mikis Theodorakis (Μικής Θεοδωράκης), gebuer den 29. Juli 1925 op der Insel Chios (Griicheland) ass e griichesche Komponist, Schrëftsteller a Politiker. Säi Papp staamt vu Kreta a seng Mamm aus Klengasien.

Mikis Theodorakis zu Passau - Photo: Guy Wagner
Mikis Theodorakis zu Passau - Photo: Guy Wagner

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Etappe vu sengem Liewen

[Änneren] Kandheet a Jugend

Schonn als Kand war dee klenge Mikis vun der Musek gepaakt. Mat 13 Joer huet e seng éischt Kompositioune geschriwwen. Nodeems am Zweete Weltkrich däitsch, italienesch a bulgaresch Truppen 1941 Griicheland besat haten, gouf hien 1942 zu Tripolis eng éischte Kéier vun italieneschen Zaldote verhaft. D'Joer drop gëtt hien nach eng Kéier festgeholl a gefoltert. Nodeems en erëm fräigelooss gouf, konnt en op Athen goen. Do daucht en ënner an e gëtt Member vun der Nationaler Liberatiounsfront. An deeër Zäit krut en heemlech Coursen am Athener Conservatoire vum Philoktitis Economidis.

No der Liberatioun gehéiert den Theodorakis zu deene Partisanen, déi d'Muechtergräifung vun konterrevolutionäre Gruppéierungen wëlle verhënneren, mee Griicheland rutscht an e schreckleche Biergerkrich eran, deen d'Land vun 1945 bis 1949 a Misär a Verzweiflong stierzt an Dausende vun Mënscheliewen op béide Säite kascht. De 26. Mäerz 1946 gëtt den Theodorakis bei enger Demonstratioun vun der Polizei esou zerschloen, datt e fir dout gehalen an an d'Morgue bruecht gëtt. Duerno huet en sech misse verstoppen an ass am Ënnergronn un der Tuberkulos krank ginn. 1947 gouf e verhaft an op d'Insel Ikaria verbannt. Enn 1948 gouf en, nodeems e kuerz fräigelooss gi war, op en Neits zréck op Ikaria an duerno op d'Insel Makronissos an e Vernichtungslager deportéiert, an deem Dausende vu politesche Gefangener ëmbruecht gi sinn. De 26. Mäerz 1949 gouf e schwéier gefoltert: Seng Péngeger hunn em d'Bee gebrach an en hallef dout geschlon. Duerno hunn s'en zweemol lieweg begruewen. Nëmmen duerch d'Hëllef vu Komeroden an duerch säi Papp, de Yorgos Theodorakis, deen op Kreta alles verkaaft huet, wat en hat, fir him bäizestoen, koum de Mikis als e kierperlech a séileg schwéier Blesséierten aus deeër Häll eraus. Awer nach ach zéng Joer duerno huet hien um Macronissos-Féiwer - enger Zort Epilepsie - gelidden.

[Änneren] Déi wichtegste Wierker bis 1960

  • Kammermusik: Sträichquartett; Preluden, Sonatine a Kleng Suite fir Piano; Trio fir Piano Gei an Cello; Sexteto; Sonatinen Nr.1 an 2 fir Gei a Piano
  • Symphonesch Musek: "Assi-Gonia" (symphonesche Saz); Symphonie Nr.1 ("Proti Simfonia"); Suiten Nr.1, 2 an 3 fir Orchester; "Eros ke Thanatos (Liewen an Doud)" (fir Stëmm a Sträicher); Oedipus Tyrannos (fir Sträicher), Pianosconcerto "Helikon" (1952; elo eréischt erëmfonnt ginn), Pianosconcerto (1948)
  • Balletsmusek: Griichesche Carnaval; "Le Feu aux poudres", "Les Amants de Teruel"; Antigone

[Änneren] Den Theodorakis entdeckt déi griichesch Volleksmusek

1960, just an deem Moment, wou de Mikis Theodorakis an der internationale Musekswelt ufänkt, bekannt ze ginn, dréit en sech ëm 180 Grad a geet zu de Wuerzele vun der griicheschee Musek zréck. A senger Heemecht war zu deem Zäitponkt e Sträit ëm d'Bedeitung vun der Volleksmusek an hir Zukunft ausgebrach. Dës fousst op zwou grousse Stréimungen, der demotescher an der rembetescher Musék. Déi demotesch Musek ass d'Volleksmusek aus deenen eezelnen, ganz verschiddene Géigenden vu Griicheland an och de Gruppe vu Leit, déi do liewen. Déi rembetesch Musek (Rembetiko) ass eréischt 1924, no der "Grousser Katastrof" - d'griichesch Arméi war vun den tierkeschen Truppe vum Mustafa Kemal Atatürk geschloe ginn -, aus Klengasien a Griiechenland komm mat all de Flüchtlingen, déi vu do verdriwwe gi waren. Déi hunn sech an den Faubourgen vun de grousse Stied, besonnesh vun Athen, néiergelooss, méi schlecht ewéi recht gelieft, goufen marginaliséiert a schif bekuckt. Dofir war hir Musek och net gär gesinn a de bessere Kreesser. De Manos Hadjidakis (1925-1994), dem Theodorakis säi grousse Musekerkolleg, huet fir d'éischt probéiert, dës Musek aus hirem Getto erauszehuelen, wat em mat der Filmmusek zu "Never on Sunday" och gegléckt ass.

Den Theodorakis huet zu dëser Ausenanersetzong bäigedroen mat sengem Lidderzyklus "Epitaphios", no de Gedichter vum Yannis Ritsos, deen an zwou ganz verschiddene Versiounen zur selwechter Zäit op Disk erauskomm ass: deen een ënnert dem Hadjidakis mat der Nana Mouscouri, deen aneren ënnert dem Theodorakis mat dem Grigoris Bithikotsie (eng "Verkierperung" vum Rembetiko). Ganz Giichenland huet sech an zwee Lager gespléckt, an dës Musek ass zum Ausdrock vun de politeschen a kulturelle Géigensätz tëscht Bourgeoisie an Aarbechter, gestane Leit a Jugendlechen, politesch Rietsen a Lénke ginn. De Mikis Theodorakis gouf ganz séier zur grousser Figur vun enger Erneierong vu Griichenland, besonnesch, nodeems den Doktor an Deputéierten vun der Gauche EDA, de Grigoris Lambrakis ("Z") zu Saloniki 1963 ermuert gi war. 1964 gouf den Theodorakis als President vun der Lambrakis-Jugend an d'griichescht Parlament gewielt.

[Änneren] Déi wichtegste Wierker vun deeër Zäit

  • Lidderzyklen: "Archipelagos", "Politia A & B", "Epiphania" (Yorgos Seferis, Nobelpräis 1963), "Mauthausen" (Yakovos Kabanellis), "Romiossini" (Yannis Ritsos).
  • Bühnemusek: "The Hostage" (D'Geisel, Brendan Behan); "D'Ballad vum doudege Brudder" (Theodorakis); "Maghiki Poli"; "I Gitonia ton Angelon" (Quartier vun den Engelen, Kabanellis).
  • Filmmusek: "Alexis Sorbas" ("Zorba de Griich"), duerch deen de Sirtaki weltbekannt gouf (Michalis Cacoyannis)
  • Oratorioen: "Axion Esti" (Odysseas Elytis, Nobelpräis 1979).

[Änneren] Ënner der Diktatur vun den Colonellen

Den 21. Abrëll 1967 koum et zum Putsch vun de rietsextremen Colonellen a Griicheland. Véier Méint huet den Theodorakis als Grënner vun der Pariotescher Front géint d'Junta am Ënnergrond gekänpft. Den 21. August gouf hie vun der Sécherheetspolizei verhaft, gefoltert, duerno op internationalen Drock fräigelooss, mee konnt sech nëmmen an sengem Haus zu Vrachati ophalen. 1968 gouf hien an d'Biergduerf Zatouna verbannt a spéider an d'Konzentratiounslager Oropos verschleeft, wou en erëm schwéier un Tuberkulos erkrankt war. Eng international Solidaritéitscampagne, geleet vun esou bedeitenden Kënschtler wéi Dmitri Schostakowitsch, Leonard Bernstein, Arthur Miller an Harry Belafonte huet sech agesat, fir datt e sollt fräikommen.

[Änneren] Déi wichtegste Wierker aus der Zäit vun der Diktatur

  • Lidderzyklen: "PAM"-Lidder ("Fräiheet oder Dout", Theodorakis); "O Ilios ke o Chronos" (D'Sonn an d'Zäit, Theodorakis); "Ta Laïka"; Arcadies I-X; Lidder fir den Andreas (Theodorakis): dat ass den Politiker Andreas Lentakis, dee fuerchtbar gefoltert gouf, déi Zäit wou den Theodorakis och am Prisong war; "Nichta Thanatou" (Nuechte vum Doud, Manos Elefteriou), "Tria Negrika Tragoudia" (Trois chansons nègres, Leopold Sedar Senghor).
  • Oratorioen: "Ephiphania Averoff" (Giorgos Seferis), "Etat de Siège" (Marina = Rena Hadjidakis), "La Marche de l'Esprit" (Angelos Sikelianos), "Raven" (Seferis, nom Edgar Allan Poe sengem Gedicht).
  • Filmmusek: "Z" vum Constantin Costa-Gavras.

[Änneren] Am Exil

Den 13. Abrëll 1970 krut de fransésische Politiker Jean-Jacques Servan-Schreiber d'Autorisatioun vum George Papadopopulos, dem griicheschen Diktator, den Theodorakis mat op Paräis an den Exil ze huelen. Dem Theodorakis seng Fra an seng Kanner goufen ee Mount méi spéit vun engem Fransous, dee mat enger Lëtzebuergerin bestuet ass, aus Griicheland erausgeschmuggelt. Vu Paräis aus, huet den Theodorakis mat Honnerte vu Concerten an der ganzer Welt de Kampf géint d'Junta virugefouert. Den 11. Februar 1973 war e fir d'éischt zu Lëtzebuerg.

Dem Theodorakis säi grousse Wonsch an säin Zil war, all Kräfte vun der Resistenz ze eenegen. Obschonns him dat net gegléckt ass, ass hien an der ganzer Welt en héich geuechtent Symbol vum Widderstand géint all Diktatur ginn.

[Änneren] Déi wichtegste Wierker aus dem Exil

  • Lidderzyklen: "Lianotragouda" (18 kleng Lidder aus der batterer Heemecht, Yannis Ritsos); "Balladen" (M. Anagnostakis); "Stin Anatoli" (Am Osten, Cacoyannis, Stiliatis, Theodorakis).
  • Oratorio: "Canto General" (Pablo Neruda).
  • Filmmuseken: "The Trojan Women" (M. Cacoyannis); "Etat de Siège" (Costa-Gavras); "Serpico" (S. Lumet); "Biribi" (D. Moosmann); "Tito" (Sutjeska, S. Delic).

[Änneren] Déi spéider Joren

No hirem Versuch, den Äerzbëschof Makarios III., op Zypern ze stierzen an ëmzebréngen an der Invasioun vun den tierkeschen Truppen op der Insel, am Juli 1974, ass d'Diktatur zesummegebrach. Ee vun deenen éischten, déi erëm zréck an hir Heemecht geflu sinn, wou e wéi e Volleksheld gefeiert gouf, war de Mikis Theodorakis. Mee scho kuerz Zäit duerno ass dat aalt politescht Spill mat sengen Intrigen erëm ugaangen, an et koume fir den Theodorakis eng ganz Rei Joren, wou en tëscht Engagement a Resignatioun, Aarbecht am Parlament a fräiwëllegen Exil zu Paräis hin an hier gerappt war. Enn vun den 1970er Joren huet en zu Paräis seng sinfonesch Aarbecht erëm opgegraff, huet fréi Wierker ëmgeschriwwen a nei opgebaut, Sinfonien, Kantaten, Oratorien, Ballets- a Kierchemusek am Geescht vun der griichesch-orthodoxer Musek komponéiert. Zu gudder Lescht huet en sech mat der Oper ofginn.

1989, um Enn vun der laanger Regierongszäit vum Andreas Papandreou, déi vu Korruptioun a Skandaler gezeechent war, huet den Theodorakis fir eng Erneierong vu Griichenland opgeruff, - eng "Katharsis" (Rengegung), wéi e gesot huet -, a fir eng Regierung vum konservative Politiker Konstantin Mitsotakis plädéiert. Vun deem gouf en 1990 als Onofhängege Lénken Staatsminister ouni Ressort. Zwee Jor laang huet en sech fir d'Educatioun an d'Kultur a besonnesch fir e bessert Verhältnis zum "Erzfeind", der Tierkei agesat, dat zesummme mat dem berümten tierkesche Musiker, Sänger a Politiker Zülfü Livaneli. 1993 an 1994 war den Theodorakis duerno Generaldirekter vun den Orchesteren an de Chéier vun dem griichesche Radio an TV, ier en sech ganz aus dem öffentleche Liewen zréckgezunn huet.

Duerno huet en nëmmen nach als Komponist an als Dirigent geschafft, mee nom Doud vu sengem Brudder Yannis 1996 a no schwéiere Gesondheetsproblemer war hie net méi deeselwechte Mënsch. En huet du versicht, derfir ze suergen, wat mat sengem risege Wierk géif geschéien, wann en net méi do wier. En huet seng komplett Archiven der Fondatioun Lilian Voudouri am Megaron zu Athen vermaacht a seng lescht Wierker komponéiert: d'Oper Lysistrata (1999-2001) an 2001, d'Bühnemusek zu "Medea", (dem Guy Wagner dediéiert). Elo schafft en drunn, fréier, nach onbekannt Wierker erauszeginn - sou "Erimia" (Einsamkeet) 2005 - an seng vill Schrëften ze publizéieren.

Ëmmer op en Neits awer gräift en an, wann d'politesch Ëmstänn dat vun em verlaangen: Protester géint d'NATO- Bombardementer a Jugoslawien 1999, géint d'Behandlong vum gekidnappten Leader vun de Kurden, Abdullah Öcalan, géint d'Repressioun vun de Palästinenser an d'Politik vum Ariel Sharon, wat em den absurde Virworf vun Antisemtismus abruecht huet, géint den George W. Bush, seng Regierung an seng Administratioun an dee vun hinnen ausgeléiste Krich am Irak, (2003). Den 1. Juli 2006 huet en als Haaptriedner vun der kultureller Amphiktyonie zu Delphi virun der Gefor gewarnt, datt den George W. Bush kéint Atomwaffen asetzen.

De Mikis Theodorakis ass "Doctor honoris causa" vun den Univsersitéite vu Montreal, Tessaloniki, Kreta an Thessalien / Volos. Am Joer 2005, wou en säin 80. Gebuertsdag gefeiert huet, krut en de russeschen "Internationalen Andreas-den-Éischtberuffene-Präis" an den IMC-UNESCO-Musikpräis.

[Änneren] Déi wichtegste Wierker no 1974

  • Lidderzyklen: "Epivatis (De Passagéier, K. Tripolitis), "Radar" (Tripolitis) "Ta Lyrika" (T. Livaditis), "Dionysos" (M. Theodorakis), "Phaedra" (Angeliki Eleftheriou), "Ta Prosopa tou Iliou" (Gesiichter vun der Sonn, Karatzas) "Beatrice op der Strooss Null" (Karatzas, Theodorakis), "Mia Thalasssa (E Mier voll Musek, Dimitra Manda)", "Os archeos Anemos (Wéi ein ale Wand, D. Karatzas)", "Lyrikotera" (Déi ganz lyresch Lidder, D. Karatzas), "Lyrikotata" (Die méi wéi lyresch Lidder, Yannis Theodorakis), "Erimia" (Einsamkeet, Lefteris Papadopoulos).
  • Bühenmuseken: "Orestia" (Insz.: Spyros Evangelatos); "Antigone" (Insz.: M. Volanakis); "Medea" (Insz.: Spyros Evangelatos)
  • Filmmuseken: "Iphigenia" (M. Cacoyannis), "Der Mann mit der Neelchesblumm" (N. Tzimas).
  • Oratorioen a Kiirchemusek: "Missa Greca", "Liturgia 2", "Requiem".
  • Sinfonesch Wierker a Kantaten: Sinfonien Nr.2, 3, 4, 7, "Sadduzäer-Passioun"(M. Katsaros), "Canto Olympico"(Manda,Theodorakis), Rapsodie fir Gitar an Orchester; Rapsodie fir Cello an Orchester.
  • Operen: "Kostas Karyotakis", "Medea", "Elektra", "Antigone", "Lysistrata".

[Änneren] Den Theodorakis a Lëtzebuerg

Den éischte Kontakt mat Lëtzebuerg huet de Mikis Theodorakis 1954 duerch seng Fra Myrto kritt, deeër hire Professer um Institut Jolie-Curie zu Paräis e Lëtzebuerger ass. Am Mee 1970 gëtt dem Theodorakis seng Famill aus Griicheland geschmuggelt duerch de Jacques Lhardit, dee sech spéider sollt ëm de Centre de Rencontres Neimënster këmmeren, a seng Fra, Josette Robinet, eng Lëtzebuergerin.

Den Theodorakis an de Guy Wagner 1973 an enger Librairie zu Esch-Uelzecht
Den Theodorakis an de Guy Wagner 1973 an enger Librairie zu Esch-Uelzecht

1973 Op Initiativ vum Guy Wagner kënnt den Theodorakis eng éischte Kéier op Lëtzebuerg, fir do am Stater Theater den 11. Februar e Concert ze ginn.
De 26. Mee 1976 kommen d'Maria Farantouri an de Petros Pandis op Déifferdang fir e Concert mat Theodorakis-Musek.
Den 12. Mäerz1978 ass de Theodorakis selwer zu Déifferdang fir den Anniversaire vum Volléksbildungsveräin (CCD), initiéiert vum Cornel Meder. Am Kader vun dësem Evenement besicht den Theodorakis och eng Ausstellong, déi him am Lycée Technique Matthias Adam zu Péiteng dediéiert ass.
Den 9. Juli 1982 dirigéiert den Theodorakis am Kader vum Iechternacher Festival an der Basilika selwer d'Éischtopféierong am Weste vun senger 2. Sinfonie mam Orchester vun RTL an dem Cyprien Katsaris um Piano.
Den 10. Juli 1982 gëtt vum CEPA der Charlotte Kerr hire Film: "Quo vadis, Mikis" an der Stater Cinemathéik gewisen, a Präsenz vum Theodorakis an der Regisseurin.
Den 1. Juli 1983 stellt de Guy Wagner, d'éischt Editioun vun senger Biographie iwwer den Theodorakis um Schlass an der Buerg vir. Dobäi gëtt och d'International Stëftung Mikis Theodorakis "FILIKI" vum Komponist selwer aus der Daf gehuewen.
Den 2. Juli 1973 ass den Theodorakis um "Wisefest" vun der Zeitung derbäi. 1985 gëtt "FILIKI" dem Theodorakis seng musekwëssenschaftlech Texter "Anatomie der Musik" an den Editions PHI eraus.
De 24. Mee 1986 gëtt den Theodorakis den 3. Concert mat populärer Musek am Escher Theater a fänkt vun do aus eng Welttournee un.
1987 gëtt "FILIKI" den 1. Band vum Theodorakis senger Autobiogrpahie op däitsch: "Die Wege des Erzengels" an den Editions PHI eraus.
Am Mee1987 steet de "FESCHtival" fir de 25. Anniversaire vum Escher Theater am Zeeche vum Mikis Theodorakis, deen awer net op Lëtzebuerg komme kann, well säi Fils George schwéier Verbrennongen erlidden hat.
1988 kënnt den 2. Band vun der Autobiogrpahie "Die Wege des Erzengels" an den Editions PHI eraus.
De 27. Juli 1990 ass am Kader vun der Summerakademie vum CEPA d'Éischtopféierong vum Film "Mikis Theodorakis - Eine Stimme für die Freiheit" vun der Vivien Treuleben, a Präsenz vun der Regisseurin an hirem Staff.
1991 publizéiert "FILIKI" den 3. Band vun "Die Wege des Erzengels" an den Editions PHI. Den 8. September 1991 gëtt den Theodorakis säi 4. Concert: "Theodorakis chante Theodorakis" am Escher Theater. Dee gëtt fir den CNA vum Vivien Treuleben verfilmt an 1993 op RTL-Televisioun gewisen.
1992 an 1993 gëtt de Ballet "Zorba le Grec" am Escher Theater gewisen, 1995 am Stater Theater an 2005 zu Ettelbréck am CAPe.
Den 10. Oktober 1992 gëtt de "Canto General" an engem Projet vum InECC am Escher Theater ënnert der Leedong vum Pierre Cao opgefouert. De Mikis Theodorakis kënnt op Esch an dirigéiert doraus säi "Neruda Requiem aeternam".
Den 2. Mee 1995 gëtt dem Mikis Theodorakis seng Oper "Electra* am Stater Theater uropgefouert: e grousse Verdéngscht vum zevill fréi verstuerwenen Direkter Jeannot Comes. An de Foyeren vum Theater gëtt eng vum Guy Wagner zesummegestallte Austellong gewisen an déi 2. Editioun vun der Theodorakis-Biographie op dàitsch virgestallt.
De 15. Mee 1995 ass den Theodorakis fir d'lescht am Land fir e Concert zu Déifferdang mat der Maria Farantouri, a Präsenz vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Sybilla.
Den 12. September 1996 mécht de Guy Wagner den Internet-Site fir den Theodorakis an dräi Sproochen op, dee just zum 80. Gebuertsdag vum Mikis säin 200.000 Visiteur hat.
1998 an 1999 ass d'Maria Farantouri am Casino zu Munneref an am Stater Conservatoire.
De 6. Mee 1998 ass déi éischt Emission "Integral vum Mikis Theodorakis sengem Wierk" vum Guy Wagner um Radio 100,7. Et ginn am ganzen 170 Emissiounen, déi bis den 26. Dezember 2001 daueren an 210 Stonne Musek a Presentatioun duerstellen.
De 14. Oktober 2000 ass d'Maria Farantouri am CAPe zu Ettelbréck. Bei deeër Geleeënheet, gëtt déi franséisch Versioun vum Guy Wagner senger Biographie: "Mikis Theodorakis. Une vie pour la Grèce", Editions PHI virgestallt.
De 14. Oktober 2001 ginn dem Theodorakis seng "Poèmes - Gedichte" (Editions PHI) zweesproocheg op der Frankfurter Buchmesse presentéiert vun der Stëftong "FILIKI".
Den 12. Juni 2002 feieren d'Amis de la Grèce hire 50. Gebuertsdag mat engem Concert Maria Farantouri a Musek vum Theodorakis am Stater Conservatoire.
Den 22. Februar 2003 spillt den OPL am Megaron zu Athen déi 2. Sinfonie vum Theodorakis, ënnert der Leedong vum Bramwell Tovey, mat dem Jean Muller als Solist. Den Theodorakis ass beim Concert derbäi.
De 24. Juli 2004 dirigéiert de Martin Folz de "Canto General" um Wolzer Festival. Am Theodorakis sengem Jubiläumsjor 2005 weist den Nationale Literaturzentrum vu Miersch vum 3. Februar bis den 22. Abrëll eng grouss Ausstellung: "Mikis Theodorakis, témoin de notre époque", konzipéiert a realiséiert vum Guy Wagner. De multimedialen Deel ass vu sengem Fils Serge. Am Kader vun dëser Ausstellung ass de 4. Februar e Concert mat Kammermusek vum Theodorakis zu Miersch am CNL, gespillt vum Henning Schmiedt, Jens Naumilkat a Volker Schlott, des weideren eng Liesong mat Ina an Asteris Kutulas, e Concert Maria Farantouri-Henning Schmiedt am CAPe Ettelbréck, an d'Cinemathéik weist vun Abrëll bis Juni sechs Filmer mat Musek vum Theodorakis: "Zorba", "Etat de Siège", "Serpico", "Iphigenia", "Trojan Women" an "Elektra".
Den 12. Mäerz 2005 gëtt d'Nena Venetsanou e Concert zu Éiere vum Mikis Theodorakis zu Niederanven, an den 28. Juli organiséiert den CEPA a Kader vun der Summerakademie an der Handwierkerschoul e Guitarrezital mam Rainer Rohloff.
D'Kulturzäitschrëft "Galerie" vum CCD publizéiert am Juli 2005 en 48-säitegen Dossier iwwer de Mikis Theodorakis.
Den 23. November 2005 iwwerrecht de Lëtzebuerger Ambassadeur fir Griicheland, S. E. Conrad Bruch, dem Mikis Theodorakis d'Insignie vum Grand Officier vum Lëtzebuerger Ordre de Mérite an de Botschaftsraimlechkeeten zu Athen. D'Laudatio hält de Guy Wagner.

[Änneren] Dem Theodorakis säi musikalescht Wierk. Eng Synthes

[Änneren] Lidder a Liddzyklen

De Mikis Theodorakis huet iwwer dausend Lidder geschriwwen. Dorënner ass eng grouss Zuel vun Zyklen (e Genre, deen hien eréicht an d'Musek vun senger Heemecht agefouert huet). Si baséieren op Gedichter vun de bedeitendste griicheschen Dichter, awer och vum Federico Garcia Lorca a vum Pablo Neruda. Si gehéieren haut zum Kultugutt vun dem griichesche Vollek: "Epitaphios", "Archipelagos", "Politia, A-D", "Epiphania", "Die Geisel", "Kleine Zykladen", "Mauthausen", "Romiossini (Griichentum)", "D'Sonn an d'Zäit", "Mythologie", "Ta Lyrika", "Lidder aus der batterer Heemecht", "D'Quartieren vun der Welt", "Dionysos", "Phaedra", "Wéi en ale Wand", "En Mier voll Musek", "Lyrikotera", "Lyrikotata", "Erimia" (Einsamkeet)...

[Änneren] Sinfonesch Musek

  • 1952: Pianosconcert "Helikon"
  • 1953: Sinfonie No.1 ( Proti Simfonia)
  • 1955-1958: 3 Suiten fir Orchester
  • 1958: Pianosconcert
  • 1981: Sinfonie No. 2 (De Gesank vun der Äerd; Texter: Mikis Theodorakis) Kannerchouer, konzertante Piano an Orchester)
  • 1981: Sinfonie No. 3 (Texter: D. Solomos; K. Kavafis; byzantinesch Hymnen) fir Sopran, Chouer an Orchester
  • 1983: Sinfonie No. 7 (Vum Fréijoer; Texter: Yannis Ritsos; Yorgos Kouloukis) fir 4 Solisten, Chouer an Orchester
  • 1986-1987: Sinfonie No. 4 (Vun de Chéier) fir Sopran, Mezzo, Stëmm, Chouer an Sinfonieorchester ouni Sträichinstrumenter)

[Änneren] Kammermusek

  • 1942: Sonatina, fir Piano
  • 1945: Elegie N°1, fir Cello a Piano
  • 1945: Elegy N°2, fir Gei a Piano
  • 1946: To Kimitiro (De Kierfecht), fir Sträichquartett
  • 1946: Sträichquartett N°1
  • 1946: Duetto, fir 2 Geien
  • 1947: Trio, fir Gei, Cello a Piano
  • 1947: 11 Preluden, fir Piano
  • 1947: Sexteto, fir Piano, Flütt a Sträichquartett
  • 1949: Etudw, fir 2 Geien an Cello
  • 1952: Syrtos Chaniotikos, fir Piano a Perkussioun
  • 1952: Sonatine N°1, fir Gei a Piano
  • 1955: Kleng Suite, fir Piano
  • 1955: Passacaglia, fir 2 Pianoen
  • 1959: Sonatina N°2, fir Gei a Piano
  • 1989: Choros Assikikos (Galant Dänz) for Solocello

[Änneren] Kantaten an Oratorioen

  • 1960: "Axion Esti" (Text: Odysseas Elytis), Volksoratorium
  • 1967: "Epiphania Averoff" (Text: Giorgos Seferis)
  • 1969: "Der Marsch des Geistes" (Text: Angelos Sikelianos); "Belagerungszustand" (Text: Rena Hadjidakis)
  • 1971-82: "Canto General" (Text: Pablo Neruda)
  • 1981-82: "Kata Saddukaion Pathi" (Sadduzäer-Passioun; Text: Michalis Katsaros) fir Tenor, Bariton, Bass, Chouer an Orchester
  • 1982: Liturgie Nr. 2 ("Fir Kanner, a Kricher ëmbruecht") Texter: Tassos Livaditis, Mikis Theodorakis) fir Chouer a cappella
  • 1982-83: "Lorca" fir Stëmm, Sologitar, Chouer an Orchester (auf der Basis vum "Romancero Gitan" vum Federico Garcia Lorca)
  • 1992: "Canto Olympico", Auftragswerk für die Olympischen Spiele in Barcelona.

[Änneren] Hymnen

  • 1970: Hymn fir den Nasser
  • 1973: Hymn fir d'sozialistische Bewegong vu Venezuela
  • 1973: Hymn fir d'Stodenten. Dediéiert den Opstänneschen vun der Polytechnescher Héichschoul vun Athen
  • 1977: Hymn vun der Sozialistischer Partei vu Frankräich
  • 1978: Hymn fir Malta
  • 1982: Hymn vun der P.L.O.
  • 1991: Hymn fir d'Mëttelmierkompetitiounen
  • 1992: "Hellenismus". (Griichesch Hymn fir d'Olympesch Spiller vu Barcelona)

[Änneren] Balleten

  • 1953: "Griechesch Karnaval" (chor.: Rallou Manou)
  • 1958: "Le Feu aux Poudres" (chor.: Paul Goubé)
  • 1958: "Les Amants de Téruel" (chor.: Milko Sparembleck)
  • 1959: "Antigone" (chor.: John Cranko)
  • 1972: "Antigone en prison" chor.: Micha van Hoecke)
  • 1979: "Elektra" (chor.: Serge Kenten)
  • 1985: "Sept Danses Grecques" (Chor: Maurice Béjart)
  • 1987-88: "Zorba" (chor.: Lorca Massine)

[Änneren] Operen

  • 1984-85: "Kostas Karyotakis"
  • 1988-90: "Medea"
  • 1992-93: "Elektra"
  • 1995-97: "Antigone"
  • 1999-2001: "Lysistrata"

[Änneren] Bühnemusek

Klassesch griichesch Tragedien

  • 1959–60: "Phinisses" (D'Phönizierinnen) (Euripides)
  • 1960–61: "Ajax" (Sophokles)
  • 1977: "Iketides" (Euripides)
  • 1979: "Ippies" (Aristophanes)
  • 1986-88: "Orestia": "Agamemnon" - "Choephores" - "Eumenides" (Aischylos)
  • 1987: "Hekabe" (Euripides)
  • 1990: "Antigone" (Sophokles)
  • 1992: "Promithefs Desmotis" (De gefesselte Prometheus) (Aischylos)
  • 1996: "Oedipus Tyrannos" (Sophokles)
  • 2001: "Medea" (Euripides);

Moderne griicheschen Theater

  • 1960-61/1992: "To Tragoudi Tou Nekrou Adelfou" (Ballade vom Toten Bruder), Musikalische Tragödie (Text: Mikis Theodorakis)
  • 1961-62: "Omorphi Poli" (Schéi Stad), Revue (Bost, Christodoulou, Christofelis e.a.)
  • 1963: "I Gitonia ton Angelon" (De Quartier vun den Engelen), Musical (Iakovos Kambanellis)
  • 1963: "Magiki Poli" (Verzaubert Stad), Revue (Theodorakis, Pergialis, Katsaros)
  • 1971: "Antigoni stin Filaki" (Antigone am Prisong), Drama (Yannis Ritsos)
  • 1974: "Prodomenos Laos" (Verrodent Vollek), Musik für das Theater (Vangelis Goufas)
  • 1975: "Echtros Laos" (Feindlecht Vollek), Drama (Iakovos Kambanellis)
  • 1975: "Christophorus Kolumbus", Drama (Nikos Kazantzakis)
  • 1976: "Kapodistrias", Drama (Nikos Kazantzakis)
  • 1977: "O Allos Alexandros" (Deen aneren Alexander), Drama (Margarita Limberaki)
  • 1979: "Papflessas", Spill, (Spiros Melas).

Internationalen Theater

  • 1961: "Enas Omiros" (D'Geisel), Drama (Brendan Behan)
  • 1975: "Das Sauspiel", Tragicomédie (Martin Walser)
  • 1978: "Polites B' Katigorias" (Bierger zweeter Klass), Drama (Brian Friel)
  • 1979: "Caligula", Drama (Albert Camus)
  • 1980: "Perikles", Tragedie (William Shakespeare)
  • 1994: "Macbeth", Tragédie (William Shakespeare).

[Änneren] Filmmusek

[Änneren] Kino

  • Eva (1953) vum Maria Plyta
  • Xipoloito tagma (The Barefoot Battalion) vum Gregg C. Tallas
  • I'll Met by Moonlight (1960) vum Michael Powell an Emeric Pressburger
  • Luna de miel (Honeymoon) (1960) vum Michael Powell mam Antony Steel a Ludmilla Tchérina
  • Faces in the Dark (1960) vum David Eady
  • Synoikia to oneiro (1961 vum Alekos Alexandrakis
  • I Myrtia (1961) vum Costas Karagiannis
  • The Shadow of the Cat (1961) vum John Gilling mam Barbara Shelley
  • Les amants de Teruel (1962) vum Raymond Rouleau mam Ludmilla Tchérina
  • Phaedra (1962) vum Jules Dassin mam Anthony Perkins a Melina Mercouri
  • Elektra (1962) vum Michael Cacoyannis mam Irene Papas
  • Le couteau dans la plaie(1962) vum Anatole Litvak mam Sophia Loren an Anthony Perkins
  • Alexis Zorbas (1964) vum Michael Cacoyannis nom Roman vum Nikos Kazantzakis) mam Anthony Quinn
  • Une balle au coeur (1965) vum Jean-Daniel Pollet mam Samy Frey a Françoise Hardy
  • To Bloko (1965) vum Adonis Kyrou
  • I ellas horis ereipa (1966) vum Angelos Lambrou
  • They're a Weird Mob (1966) vum Michael Powell mam Walter Chiari
  • The Day the Fish Came Out (1967) vum Michael Cacoyannis mam Tom Courtenay a Candice Bergen
  • Karatel (1968) vum Manos Zacharias (x)
  • Falak (Walls) vum András Kovács mam Philippe March a Bernadette Lafont (x)
  • Z (1969) vum Costa-Gavras mam Yves Montand, Irene Papas a Jacques Perrin (x)
  • Biribi (1971) vum Daniel Moosmann mam Jean-Pierre Aumont a Bruno Cremer
  • The Trojan Women (1971) vum Michael Cacoyannis mam Katherine Hepburn a Vanessa Redgrave
  • Etat de siège (1973) vum Costa-Gavras mam Yves Montand, Irene Papas an O. E. Hasse
  • Sutjeska (The Battle of Sutjeska) (1973) vum Stipe Delic mam Richard Burton
  • Serpico (1973) vum Sidney Lumet mam Al Pacino
  • Partizani (Tactical Guerilla) (1974) vum Stole Jankovic mam Rod Taylor a Peter Carsten
  • Edo Politekneio (1974) vum Dimitris Makris
  • Dolofoniste ton Makario (Murder Makarios) (1975)vum Kosta Dimitriou (x)
  • Der Geheimnisträger(1975) vum Franz Josef Gottlieb mam Eddi Arent a Theo Lingen
  • Actas de Marusia (Letters from Marusia) (1976) vum Miguel Littin
  • Iphigenia (1977) vum Michael Cacoyannis mam Irene Papas
  • O Asimvivastos (1978) (Easy Road) vum Andreas Thomopoulos
  • Kostas (1979) vum Paul Cox (x)
  • O anthropos me to garyfallo (The man with the Carnation)(1980) vum Nikos Tzimas
  • Cavafis (1981) vum Mario Helguera (Kuerzfilm) (x)
  • Les clowns de Dieu (1986) vum Jean Schmidt mam Jean Roger Milo a Maurice Risch (x)
  • Misiono përtej detit (1988) vum Lisenko Malaj (x)
  • Le brouillard (1988) vum Zülfü Livaneli (x)
  • Barluscke (1998) vum Thomas Heise (x)
  • Beware of Greeks baring Guns (2000) vum John Tatoulis (X), Zusazmusek: Henning Schmiedt

[Änneren] Televisioun

  • Elo Antigoné ( 1968) vum Lásló Nemere (x)
  • The Story of Jacob and Joseph (1974) vum Michael Cacoyannis mam Tony Lo Bianco
  • Christophe Colomb (1975) vum Pierre Cavassilas mam Brigitte Fossey (x)
  • Peri anemon kai ydaton vum Reina Eskenazy (x)
  • An thimitheis t'oneiro mou vum Vassilis Douros (x)

Fir déi mat (x) bezeechent Filmer a Fernsehspiller ass Musek vum Theodorakis benotzt ginn, ouni datt de Komponist der awer extra derfir geschriwwen hätt. Dat gëlt besonnesch och fir Z, wou den Theodorakis keng konnt schreiwen, well en an der Verbannung zu Zatouna war.

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu