Mitochondrie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Mitochondire ass eng Organell am Zytosol vun den Zellen, se si ganz heefeg, ëm déi 2000 Stéck pro Zell. Se huet zwou Membranen, eng baussegt an eng bannescht an ass ongeféier 2 μm laang bei engem Duerchmiesser vun 1 μm. Déi baussegt Membran ass glat gestreckt, déi bannescht gefaalt. Esou kann een zwee Kompartimenter ënnerscheeden: den tëschemembranéise Raum an de bannenzege Raum, dee Matrix genannt gëtt.
Zum Schema:
- Baussemembran
- intermembranéise Raum
- Bannemembran
- Matrix
Baussen- a Bannemembran hu verschidden Zesummesetzunge wat d'Phospholipiden ugeet. An der Matrix befënnt sech en DNS-Molekül. Dëst sinn nëmmen zwee Argumenter en Faveur vun der Endosymbiostheorie déi beseet datt Mitochondrien a Plasten ugaangs Bakterië waren déi vu méi groussen Zellen opgeholl goufen a mat dësen a Symbios liewen. Well d'Mitochondrien nëmmen aus besteende Mitochondiren kënnen erfirgoen (d'Zelle kënnen keng entstoen dinn) an se duerch hier DNS en Deel vun hiere Proteinen selwer kodéieren, schwätzt e vun semi-autonomen Organellen.
[Änneren] Funktiounen
D'Mitochondrië ginn dacks "Kraaftwierker" vun den Zelle genannt well sech an hinnen eng ganz Parti wichteg Stoffwiesselweeër ofspillen:
- an der Matrix
- Zitratzyklus
- β-Oxydatioun
- Harnstoffzyklus (deelweis)
- ronderëm d'Bannemembran: oxydativ Phosphoryléierung
Doriwwer eraus si se nach e Späicher fir Ca2+-ionen.