Salvador Dalí
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Salvador Domingo Felipe Jacinto Dalí Domenech oder méi bekannt als Salvador Dalí gebuer den 11. Mee 1904, a gestuerwen den 23. Januar 1989, war e katalanesche Moler, Skulpteur, Schauspiller an Auteur.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De Salvador Dalí ass den 11. Mee 1904 zu Figueras a Spuenien gebuer. Seng Eltere waren de Salvador Dalí y Cusí, e bekannten Notaire, a d'Felipa Domenech Ferres. Seng Studien huet hien a senger Gebuertsstad gemaacht an am Alter vun 14 Joer huet hien do an zu Barcelona un enger kollektiver Ausstellung fir Kënschtler deelgeholl.
Seng Mamm ass 1921 u Kriibs gestuerwen a säi Papp huet sech dorobber hi mat senger Schwéiesch bestuet. Den Dalí ass dunn op Madrid gaange fir ze studéieren, wou hien och aner grouss Kënschtler kennegeléiert huet, wéi de Luis Buñuel an de Federico García Lorca.
1925 ass hien op Paräis gaange fir de Picasso ze besichen. Vun do u ware seng Biller beaflosst vum Picasso a vum Kubismus.
1926 gouf den Dalí, no villen Onrouen duerch seng fachistesch Tendenzen, aus der Konschtakademie erausgeheit.
Seng zweet Rees op Paräis war am Joer 1929, wou e sech de Surrealisten ugeschloss huet. An dem Joer huet en och seng spéider Fra d'Gala kennegeléiert an zesumme mam Luis Buñuel de Film Un perro andaluz realiséiert. 1932 hunn den Dalí an d'Gala sech bestuet.
1940 huet de Krich ugefaangen an den Dalí ass mat senger Fra an d'USA wunne gaange bis zum Joer 1948. Et war eng vun sengen erfollegräichste Perioden.
1974 gouf den Dalí-Musée zu Figueras ageweit.
1982 ass seng Fra gestuerwen an dem Dalí säi Gesondheetszoustand huet staark ofgeholl. Hien huet sech doropshinn a säi Schlass Pubol zeréckgezu wou e säi leschten Tableau gemoolt huet.
1984 ass e Feier ausgebrach an den Dalí huet schwéier Verletzungen dovu gedroen. En ass 1989 un Häerzversoe gestuerwen a gouf an der Krypta vun engem Theater-Musée zu Figueras bäigesat.
De gréissten Deel vu senger Ierfschaft goung un de spuenesche Staat.
[Änneren] Seng Wierker
Di bekannteste Wierker vum Dalí sinn:
- Muchacha en la ventana
- Persistencia de la memoria
- El Cristo de San Juan de la Cruz
- La Última Cena
- El enigma de Hitler
- 1972 La Toile Daligram
- El gran masturbador
[Änneren] Trivia
Vum André Breton krut den Dalí de Spëtznumm "Avida Dollars (sic)" (giereg no Dollaren), en Anagramm fir Salvador Dalí, well hien vun engem gewësse Punkt un zimlech vill produzéiert huet, mam eenzege But fir domat séier vill Suen ze verdéngen.
[Änneren] Literatur
- Dalí - L'oeuvre peint vum Robert Descharnes a Gilles Néret.