New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
UEFA - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

UEFA

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Logo vun der UEFA
D'UEFA (rout) ass eng vun de sechs Konfederatioune vum Weltfoussballverband FIFA
D'UEFA (rout) ass eng vun de sechs Konfederatioune vum Weltfoussballverband FIFA

D'Union des associations européennes de football, op englesch Union of European Football Associations (UEFA), ass d'Konfederatioun vun de nationale Foussballfederatiounen an Europa. D'UEFA groupéiert 53 national Federatiounen (Stand 2007) an huet, nieft administrativen a representativen Aufgaben, fir d'Entwécklung vum Foussball op europäeschem Plang ze suergen.

Si arrangéiert europawäit Kompetitioune fir Clibb an Nationalequipen an huet d'Kontroll iwwert d'Reglementer an d'Medierechter vun de jeeweilegen Evenementer.

D'UEFA ass eng vun de gréissten a stäerkste kontinentale Konfederatioune vun der FIFA. Bei der Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland ware 14 vun 32 Plaze fir europäesch Equipe reservéiert. Vun de Finanzen hir ass se déi di bei wäitem am beschte gestallt ass a si huet an der Geschicht vum Weltfoussball zum dacksten och d'Richtung am Sport virginn.

D'UEFA gouf de 15. Juni 1954 zu Basel an der Schwäiz op Initiativ vun de Verbänn aus Frankräich, der Belsch an Italien gegrënnt. Bis 1959 hat se hire Sëtz zu Paräis, dono dunn zu Bern. Zënter 1995 ass de Verwaltungssëtz zu Nyon an der Schwäiz.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Organisatioun

D'UEFA ass eng nom schwäizer Code Civil registréiert Associatioun. Si ass op politeschem a reliéise Plang neutral. Offiziell Sprooche sinn englesch, franséisch an däitsch.

Zënter dem 26. Januar 2007 ass de Michel Platini President vun der UEFA. Aktuelle Generaldirekter ass de Schwed Lars-Christer Olsson.

[Änneren] Presidenten

De President vum europäesche Foussballverband ass automatesch och Vizepresident vum Weltfoussballverband FIFA.

UEFA Presidente bis haut:

  • 1954 - 1962 : Ebbe Schwartz (Dänemark)
  • 1962 - 1972 : Gustav Wiederkehr (Schwäiz)
  • 1972 - 1973 : Sándor Barcs[1] (Ungarn)
  • 1973 - 1983 : Artemio Franchi (Italien)
  • 1983 - 1984 : Jacques Georges[1] (Frankräich)
  • 1984 - 1990 : Jacques Georges (Frankräich)
  • 1990 - 2007 : Lennart Johansson (Schweden)
  • 2007 - : Michel Platini (Frankräich)
  1. 1.0 1.1 Interimspresident

[Änneren] Missioun

Zu den an de Statuten definéierten Aufgaben an Ziler vun der UEFA gehéieren ë.a.:

  • Gutt Kompetitioune fir de Beruffs-, Junioren-, Fraen-, an Amateursfoussball z'organiséiren.
  • Dofir ze suergen, datt, ouni Diskriminéierung vu Geschlecht, Relioun oder Rass, nach méi Leit Zougang zum Foussball fannen.
  • Kommerzielle Succès a gesond Finanze sécherzestellen, ouni d'sportlech Qualitéit vun de Kompetitiounen aus den Aen ze verléieren.
  • De Revenue vun der UEFA an de Foussball ze reinvestéieren, respektiv ëmzeverdeelen.
  • De Federatiounen Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden.
  • Sech fir positiv sportlech Wäerter wéi Fair-Play an Anti-Rassismus anzesetzen an d'Sécherheet am Stadionëmfeld ze garantéieren.
  • Als representativ Stëmm vun der europäescher Foussballfamill ze handlen.
  • Gutt Relatiounen zu deenen anere kontinentale Verbänn an der FIFA opzebauen a bäizehaalen.
  • Am Interesse vun de Foussballspiller an hire Fans ze handlen.

[Änneren] Memberen

An der UEFA sinn 53 national Federatioune vertrueden. Allgemeng kann all Federatioun Member ginn déi an engem vun der UNO unerkannten europäesche Staat enregistréiert ass a Kompetitiounen organiséiert. Groussbritannien ass beispillsweis mat véier Federatioune vertrueden (England, Schottland, Nordirland a Wales).

Bei muenche Memberen, déi reng geographesch net zum Kontinent gehéieren, goufen dogéint, mam Accord vun der FIFA, Ausname gemaach. Et sinn dat: Israel, Zypern, Armenien, Georgien, d'Tierkei, Kasachstan, Russland an Aserbaidschan.

Israel a Kasachstan waren uganks Member an der Asiatescher Foussballkonfederatioun (AFC), Zypern hat de Choix tëscht de Konferderatioune vun Europa, Asien an Afrika.

An der Läscht dobäi komm ass Montenegro (2007, nodeems et de gemeinsame Staat mat Serbien net méi gëtt). D'Federatioun vu Gibraltar, eng vun den eelste Foussballfederatiounen iwwerhaapt, ass bis ewell nëmme provisoresche Member.

D'FLF ass vun Ufank un an der UEFA affiliéiert gewiescht (15. Juni 1954).

Lëscht vun de Federatiounen déi Member sinn:

Land Numm vun der nationaler Federatioun
Albanien Albanien Federata Shqiptare e Futbollit (FSHF)
Andorra Andorra Federació Andorrana de Futbol (FAF)
Armenien Armenien Football Federation of Armenia (FFA)
Aserbaidschan Aserbaidschan Azərbaycan Futbol Federasiyaları Assosiasiyası (AFFA)
Belsch Belsch Koninklijke Belgische Voetbalbond (KBVB) /
Union royale belge des sociétés de football association (URBSFA)
Bosnien Herzegowina Bosnien Herzegowina Nogometni/Fudbalski Savez Bosne i Hercegovine (NFSBiH)
Bulgarien Bulgarien Bulgarski Futbolen Sojus
Däitschland Däitschland Deutscher Fußball-Bund (DFB)
Dänemark Dänemark Dansk Boldspil-Union (DBU)
Éisträich Éisträich Österreichischer Fußballbund (ÖFB)
England England The Football Association (FA)
Estland Estland Eesti Jalgpalli Liit (EJL)
Färöer Färöer Fótbóltsamband Føroya (FSF)
Finnland Finnland Suomen Palloliitto (SPL)
Frankräich Frankräich Fédération Française de Footbal (FFF)
Georgien Georgien Georgian Football Association (GFF)
Griicheland Griicheland Hellenic Football Federation (HFF)
Irland Irland Football Association of Ireland (FAI)
Island Island Knattspyrnusamband Íslands (KSI)
Israel Israel Israel Football Association (IFA)
Italien Italien Federazione Italiana Giuoco Calcio (FIGC)
Kasachstan Kasachstan Football Union of Kazakhstan
Kroatien Kroatien Hrvatski nogometni savez (HNS)
Lettland Lettland Latvijas Futbola Federācija (LFF)
Lëtzebuerg Lëtzebuerg Fédération Luxembourgeoise de Football (FLF)
Liechtenstein Liechtenstein Liechtensteiner Fußballverband (LFV)
Litauen Litauen Lietuvos Futbolo Federacija (LFF)
Malta Malta Malta Football Association (MFA)
Mazedonien Mazedonien Fudbalska Federacija na Makedonija (FFM)
Moldawien Moldawien Federaţia Moldovenească de Fotbal (FMF)
Montenegro Montenegro Fudbalski Savez Crne Gore (FSCG)
Holland Holland Koninklijke Nederlandse Voetbalbond (KNVB)
Nordirland Nordirland Irish Football Association (IFA)
Norwegen Norwegen Norges Fotballforbund (NFF)
Polen Polen Polski Związek Piłki Nożnej (PZPN)
Portugal Portugal Federação Portuguesa de Futebol (FPF)
Rumänien Rumänien Federaţia Română de Fotbal (FRF)
Russland Russland Rossijski Futbolni Sojus (RFS)
San Marino San Marino Federazione Sammarinese Giuoco Calcio (FSGC)
Schottland Schottland The Scottish Football Association (SFA)
Schweden Schweden Svenska Fotbollförbundet (SFF)
Schwäiz Schwäiz Schweizerischer Fussballverband (SFV)
Serbien Serbien Fudbalski Savez Srbije (FSS)
Slowakei Slowakei Slovenský futbalový zväz (SFZ)
Slowenien Slowenien Nogometna zveza Slovenije (NZS)
Spuenien Spuenien Real Federación Española de Fútbol (RFEF)
Tierkei Tierkei Türkiye Futbol Federasyonu (TFF)
Tschechesch Republik Tschechesch Republik Českomoravský Fotbalový Svaz (ČMFS)
Ukrain Ukrain Federazija Futbolu Ukrajiny (FFU)
Ungarn Ungarn Magyar Labdarúgó Szövetség (MLS)
Wäissrussland Wäissrussland Belarus Football Federation (BFF)
Wales Wales Football Association of Wales (FAW)
Zypern Zypern Cyprus Football Association (CFA)

[Änneren] Kompetitiounen

D'UEFA organiséiert eng sëllege Kompetitioune fir d'Veräins- an Nationalequipen:

[Änneren] Fir Nationalequipen

Nieft de Qualifikatioune fir d'Foussballweltmeeschterschaft vun de Fraen a Männer sinn dat:

  • Foussball-Europameeschterschaft
  • Fraefoussball-Europameeschterschaft
  • U-21-Foussball-Europameeschterschaft
  • U-19-Foussball-Europameeschterschaft
  • U-17-Foussball-Europameeschterschaft
  • U-19-Fraefoussball-Europameeschterschaft
  • Meridian Cup (fir europäesch an afrikanesch U17-Equipen, gëtt zesumme mat der afrikanescher Konfederatioun CAF organiséiert)
  • Futsal-Europameeschterschaft
  • UEFA-Merill-Cup
  • UEFA-Invasion-Cup
  • UEFA-Super-Merill-Cup
Scène aus der UEFA-Coupefinall vun de Fraen (2005)
Scène aus der UEFA-Coupefinall vun de Fraen (2005)

[Änneren] Fir Veräinsequipen

  • UEFA Champions League (Virgängerkompetitioun bis 1991 war den Europapokal vun de Landesmeeschter)
  • UEFA-Pokal
  • UI-Cup
  • Supercup
  • UEFA Women's Cup
  • UEFA-Futsal-Cup
  • Den Europapokal vun den Pokalgewënner gouf bis 1999 gespillt, zënterhier ass de nationale Pokalgewënner automatesch fir den UEFA-Pokal qualifizéiert.

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu