ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Schengener Ofkommes - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Schengener Ofkommes

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Schengener Ofkommes (och bekannt als Accordë vu Schengen) ass en Ofkommes, dat de 14. Juni 1985 vu fënnef EU-Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg), um Schëff Marie-Astrid, dat op der Musel am Dräilännereck viru Schengen louch, ënnerschriwwe gouf.

D'Zil war, Grenzkontrolle fir Wueren a Persounen tëschent de Schengen-Staaten ofzeschafen an d'Kontrolle vun de baussenzeche Grenzen ze stäerken an ze harmoniséieren. D'Schengener Ofkommes gouf am Ufank baussent de Strukture vun der EU geschafen, well net all EU-Staate bereet waren, matzemaachen.

Blo: Membere vum Schengener OfkommesGro: Signataire (nach net applizéiert)
Blo: Membere vum Schengener Ofkommes
Gro: Signataire (nach net applizéiert)

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Memberschaft an Ëmsetzung

Den 19. Juni 1990 hunn Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner e weidert Dokument ënnerschriwwen, déi sougenannte Schengener Conventioun, déi déi 'technesch' Detailer regelt.

Zu dëse Länner sinn no an no nach anerer dobäikomm:

Schengener Ofkommes-Monument zu Schengen
Schengener Ofkommes-Monument zu Schengen

Duerch e Protokoll am Traité vun Amsterdam gouf d'Schengener Ofkommes an den 'Acquis' vun der Europäescher Unioun iwwerholl, an dofir sinn déi zéng Länner, déi am Mee 2004 bäigetruede sinn, automatesch Memberen. Groussbritannien (an dowéinst och Irland) maachen awer bis op weideres net mat. De 16. Oktober 2004 huet d'Net-EU-Land Schwäiz ënnerschriwwen, dem Schengen-Raum bäizetrieden. An engem Referendum huet d'Schwäizer Vollek de 5. Juni 2005 dozou seng Zoustëmmung ginn.

Déi praktesch Ëmsetzung geschouch no an no, mat siwe Länner am Juni 1995 (déi fënnef éischt plus Spuenien a Portugal). 1997 koumen Éisträich an Italien no. A Griicheland sollt d'Conventioun zwar vun 1997 u gëllen, praktesch war dat awer eréischt vun 2000 un de Fall. Déi Skandinavesch Länner, déi virdrun och schonn eng Struktur ënnerteneen haten, déi bal d'selwecht war, hunn d'Schengener Ofkommes de 25. Mäerz 2001 ëmgesat.

Fir déi zéng nei Memberstaate vum Bäitrëtt vun 2004 gëllt, ausser fir Zypern, dass de Schengen-Raum fir si den 21. Dezember 2007 fir Land- a Miergrenzen a den 30. Mäerz 2008 fir Loftgrenzen a Kraaft trëtt.

Fir Zypern, Rumänien an Bulgarie steet nach keen Datum fest.

[Änneren] Wat steet dran?

De Prinzip vum Schengener Ofkommes ass d'ongehënnert Zirkulatioun vu Persounen a Wueren tëschent de Memberstaaten, ouni op der Grenz kontrolléiert ze ginn. Dat heescht am Géigenzuch, datt d'Schenge-Staaten hir baussenzeg Kontrolle coordinéieren.

D'Schengener Ofkommes gesäit och fir, datt Informatiounen iwwert Leit, déi sech net (méi) an engem Schengen-Land ophalen däerfen, oder vun der Police gesicht ginn, mat deenen anere Schengen-Länner gedeelt ginn, an dat mat Hëllef vum sougenannte Schengener Informatiounssystem (SIS).


Land
Bäitrëtt zum Traité
Ofschafe vun de Grenzkontrollen
(kursiv = viraussiichtlech)
Ausserkraaftsetzungen
Bemierkungen
Andorra Andorra


- 26. Mäerz 1995 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrollen mat de Nopeschlänner Spuenien und Frankräich.
Belsch Belsch 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Vum 10. bis 30. Januar 2000 bei Geleeënheet vun enger Amnestie fir Persounen ouni Openthaltserlabnis. Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2000.
Bulgarien Bulgarien 1. Januar 2007 fréistens 2011
Dänemark Dänemark 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Och Grönland an d’ Färöer, als Deel vun der Nordescher Passuniounn, si Member vum Schengener Traité.
Däitschland Däitschland 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Virun a während der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006. Während dem G8-Sommet zu Heiligendamm 2007. Mat dem Bäitrëtt vun der DDR zur Bundesrepublik den 3. Oktober 1990 gëllt de Schengener Traité och um Territoire vun der fréierer DDR.
Estland Estland 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Finnland Finnland 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001
Frankräich Frankräich 19. Juni 1990 26. März 1995 Ouni d'Départements outre-mer
Griicheland Griicheland 6. November 1992 26. Mäerz 2000 Formal Akraaftsetzung schonn 1997, wéinst de Sécherheetsbedenke vun aneren EU-Länner faktesch Ëmsetzung eréischt 2000.
Irland Irland 29. Mee 2000 - Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfolgung a polizeilich Zesummenaarbecht. D’Passkontrolle bleiwe bestoen.
Island Island 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité.
Italien Italien 17. November 1990 26. Oktober 1997 Virunn a während dem G8-Sommet zu Genua 2001.
Lettland Lettland 1. Maeei 2004 21. Dezember 2007
Liechtenstein Liechtenstein - viraussiichtlech am November 2008 Keng explizit Ënnerzeechnung. Well awer Liechtenstein mat der Schwäiz eng Währungs- an Zollunioun huet a well d’Schwäizer fir d’ Persounekontrollen op den éisträichech-liechtensteineche Grenzposten zoustänneg sinn (et gi keng Grenzkontrollen mat der Schwäiz), ginn d’Kontrollen zesumme mam Bäitrëtt vun der Schwäiz ofgeschaaft.
Litauen Litauen 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Lëtzebuerg Lëtzebuerg 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995
Malta Malta 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Monaco Monaco - 26. Mäerz 1995 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Frankräich.
Holland Holland 19. Juni 1990 26. Mäerz 1995 Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2000.
Norwegen Norwegen 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001 Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité.
Éisträich Éisträich 28. Abrël 1995 1. Dezember 1997 Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2008.
Polen Polen 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Portugal Portugal 25. Juni 1991 26. Mäerz 1995 Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2004.
Rumänien Rumänien 1. Januar 2007 fréistens 2011
San Marino San Marino - 26. Oktober 1997 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien.
Schweden Schweden 19. Dezember 1996 25. Mäerz 2001
Schwäiz Schwäiz 16. Oktober 2004 viraussiichtlech November 2008 Nëmmen Ofschafe vun de Persounekontrollen. D’ Kontroll vun de Wuere bleift bestoen, well d’Schwäiz net an der EU-Zollunioun ass.
Slowakei Slowakei 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Slowenien Slowenien 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Spuenien Spuenien 25. Juni 1991 26. Mäerz 1995
Tschechesch Republik Tschechesch Republik 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Ungarn Ungarn 1. Mee 2004 21. Dezember 2007
Vatikanstad Vatikanstad - 26. Oktober 1997 Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien.
Groussbritannien Groussbritannien 29. Mee 2000 - Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfolgung a polizeilich Zesummenaarbecht. D’Passkontrolle bleiwe bestoen.
Zypern Zypern 1. Mai 2004 viraussiichtlech 2009

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com