Agnostizismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Philosophiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Begrëff Agnostizismus (v. griich.: a-gnoein - net wëssen) gëtt mat zwou verschiddene Bedeitungen assoziéiert. Éischtens bezeechent dee Begrëff déi philosophesch an theologesch Usicht, datt d'Existenz oder d'Net-Existenz vun engem Gott (bzw. Gëtter) entweder onbekannt oder grondsätzlech net erkennbar ass. An anere Wieder, d'Existenz vun engem oder méi Gëtter ass weder beweisbar, nach ze widderleeën. Dowéinst refuséieren d'Agnostiker, sech kloer zum Glawen un d'Existenz vun engem Gott ze bekennen. Mee am Géigesaz zum Atheismus schléisst den Agnostizismus d'Méiglechkeet, datt et iewer e Gott kéint ginn, net aus.
Zweetens bezeechent de Begrëff Agnostizismus erkenntnistheoretesch Léieren, déi d'Erkennbarkeet vun der Welt am grousse Ganzen oder a wichtege Beräicher bezweifelen.