Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter vu 1789
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter (Déclaration des droits de l'homme et du citoyen) ass, mat den Dekreter vum 4. an 11. August 1789 iwwert d'Ofschafung vun de feudale Rechter, ee vun de fundamentalen Texter déi vun der Assemblée nationale constituante, déi sech no de Generalstänn zesummegesat huet, gestëmmt goufen. Definitiv de 26. August 1789 adoptéiert, ass et ee vun de fundamentalen Texter fir d'Demokratie an d'Fräiheet a Frankräich. D'Deklaratioun gouf an der Preambel vun der Konstitutioun vum 4. Oktober 1958 ernimmt, a si huet an der Ve République zënter den Decisioune vum Conseil constitutionnel vum 16. Juli 1971 a 27. Dezember 1973 e konstitutionnelle Wäert. Si zielt zum "Bloc de constitutionnalité".
Virgeschlo gouf d'Deklaratioun vum Marquis de La Fayette.
D'Deklaratioun besteet aus enger Preambel a 17 Artikelen, déi souwuel den Eenzelnen, wéi och d'Natioun behandelen. D'Gesetzer vun der sougenannter éischter Generatioun hunn haaptsächlech mat der Fräiheet ënnert all hire Formen ze dinn. Domadder steet si am Widersproch zu anere Rechtsgeneratiounen, déi sech méi mat der Gläichheet beschäftegen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
D'Konzept vun de Mënscherechter ass al, mee huet sech am Laf vun der Geschicht weiderentwéckelt. D'natierlech Rechter vum Mënsch gi schonn a reliéisen Texter ernimmt (wéi an den Zéng Geboter déi e Recht op Liewen unerkennen), an der Literatur (wéi am Theaterstéck Antigone vum Sophokles) oder an der Philosophie (wéi an den Texter vun de Stoiker).
Den Zylinder vum Kyros (6. Joerhonnert v. Chr.) gëtt gäeren als "éischt Charte vun de Mënscherechter ernimmt". 1971 huet d'UNO den Zylinder an all offiziell Sproochen iwwersetze gelooss. Den Zylinder erzielt eis vun den Theme vun der persescher Regel: reliéis Toleranz, Ofschafung vun der Sklaverei, Fräiheet an der Wahl vum Beruff an Expansioun vum Räich.
E wichtegt Evenement an dëser Evolutioun war och d'Magna Carta (1215), déi an der angelsächsescher Welt als Basis vum aktuelle Konzept vun de Mënscherechter ugesi gëtt.
Déi éischt Deklaratioun vun de Mënscherechter vun der Neizäit koum aus dem Staat Virginia (USA), a gouf geschriwwe vum George Mason. Si gouf den 12. Juni 1776 als Bill of Rights ugeholl.
E groussen Deel dovunner huet den Thomas Jefferson fir d'Deklaratioun vun de Mënscherechter déi hien an d'Onofhängegkeetserkläerung vun de Vereenegte Staaten agebaut huet, iwwerholl (4. Juli 1776).
[Änneren] D'Deklaratioun an hiren Inhalt
D'Nationalversammlung, déi sech als constituante deklaréiert huet, huet beschloss eng Erkläerung opzesetzen. D'Diskussioune sinn den 9. Juli 1789 lassgaangen, an hunn de 26. August zu enger Wahl gefouert, ënnert dem Afloss vum Drëtte Stand an dem liberalen Adel. Ratifizéiert gouf den Text vum Louis XVI. eréischt de 5. Oktober, ënnert dem Drock vun der Assemblée an dem Vollek wat bis op Versailles komm ass. D'Deklaratioun vu 1789 sollt als Preambel fir d'éischt Konstitutioun vun der Franséischer Revolutioun zielen, déi 1791 adoptéiert gouf. D'Deklaratioun gouf den 3. November 1789 vum Kinnek promulgéiert.
D'Constituants hunn et fir néideg emfonnt, en Text ze stëmmen, deen d'generell Prinzipië mat souveränerem Wäert ernimme géif, fir hir Aktioun ze legitiméieren. Den Text huet och hire Programm resuméiert, an d'konstitutionell Arbecht virbereed.
Wat den Inhalt ugeet, sou huet sech d'Deklaratioun un hire Virgänger inspiréiert, virun allem dene vun de verschiddenen amerikanesche Staaten, déi selwer vu Locke (Two Treatises of Government, 1690) a Montesquieu (De l’Esprit des Lois, 1750) beaflosst waren. D'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter huet sech och un d'Theme vun de Remonstranze vun de Parlamenter gehalen. Si huet de liberalen Individualismus resuméiert, dee sech am Laf vun de Joerhonnerten entwéckelt huet. Ët war en Text deen an d'Vergaangenheet gekuckt huet, mam präzise But, den Ancien Régime ideologesch ofzeschafen.
Si stellt déi wierklech Prinzipië vun der Gesellschaft, als Basis vun enger neier Legitimitéit. All Artikel veruerteelt d'Prinzipiën, d'Institutiounen an d'Praktike vum Ancien Régime (Absolutismus, zentraliséiert Administratioun, Kriminalsystem vum Ancien Régime): « La souveraineté réside dans la Nation »1. D'Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter legitiméiert d'Rebellioun vun den Deputéierte géint d'Monarchie andeems si als eent vun den Haaptrechter vum Mënsch d'« résistance à l’oppression »2 definéiert.
Si hass universell an un d'Zukunft orientéiert. D'Constituants hunn d'Rechter deklaréiert, déi all Individuum vun Natur aus huet (« droits inhérents à la nature humaine »3). Ët war den Aboutissement vun der Philosophie vun de Lumières vum 18. Joerhonnert, déi Richtung Universalismus an Abstraktioun gedréit goufen.
D'Preambel gouf ënnert dem Afloss vum Mirabeau a vum Mounier, Deputéierte vum Drëtte Stand deen de Ballhauseed adoptéiere gelooss hat, Chef vun de « Monarchiens » an Unhänger vun enger konstitutioneller Monarchie wéi an England, opgesat. De Mirabeau huet en duebelt Spill gespillt, well hien engersäits d'Prinzipië vun der Revolutioun affirméiert a geschützt huet, a gläichzäiteg vun der Monarchie bezuelt gouf, fir hir Interessen ze schützen. Den « Être suprême »4 gouf am Laf vun de Sëtzungen derbäigesat, well d'Majoritéit vun de Bierger Chrëschte waren. D'Preambel gëtt am Artikel 2 weidergefouert, deen d'natierlech Rechter vum Mënsch opzielt, no der Usiicht vum Liberalismus vum 18. Joerhonnert :
- d'Fräiheet,
- de Besëtz,
- d'Sécherheet,
- d'« résistance à l'oppression ».
Dës natierlech Rechter si méi al wéi d'etabléiert Muecht, si gëllen zu jiddfer Zäit an op all Plaz.
Vill Artikele befaasse sech mat der Fräiheet : den Artikel 1 (« Les hommes naissent et demeurent libres et égaux en droits »), d'Artikele 4 a 5 (déi versichen d'Fräiheet ze definiéieren, déi nëmmen duerch d'Gesetz limitéiert ass, an definéiert gëtt mat « tout ce qui ne nuit pas à autrui »), d'Artikele 7, 8 an 9 (déi de Charakter vun der invidueller Fräiheet preziséieren), d'Artikelen 10 an 11 (Meenungsfräiheet, Pressefräiheet). D'Gläichheet gëtt am éischten Artikel ernimmt, d'Gläichheet virun de Steieren am Artikel 13, d'Gläichheet virum Gesetz am Artikel 6.
De Besëtz ass en individuellt Recht, « inviolable et sacré » (Artikel 2). Laut dem Artikel 17, « Nul ne peut être privé de la propriété sauf nécessité publique légalement constatée et sous condition d’une juste et préalable indemnité ». D'Artikelen, déi de Bierger an der Organisatioun vum politesche System definéieren, si vill méi vague, a géint den Ancien Régime gedréint. Laut dem Artikel 6 ass d'Gesetz d'Expressioun vum generelle Wëllen, d'Expressioun vun der Souveränitéit déi d'Source fir d'ëffentlech Muecht duerstellt, déi laut dem Artikel 16 opgedeelt ass (« séparation des pouvoirs »). Laut dem Artikel 13 gëtt d'Steier vum Vollek oder senge Vertrieder gestëmmt. Laut dem Artikel 15 sinn d'publik Agente fir hir Administratioun responsabel, a musse sech virun der Gesellschaft rechtfertegen. Sozial Rechter ginn net ernimmt.
[Änneren] Posteritéit vum Text
Dës Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter huet de Wee fir zukünfteg Regimen opgemaach, ouni datt sech d'Auteuren deers bewosst waren. All Konzeptioun vu Muecht a vum Mënsch ass wäit ewech vun der chrëschtlecher Traditioun (wat paradox an engem chrëschtleche Land wéi Frankräich ass). D'Deklaratioun schléit e republikaneschen Toun un: d'Wierder « citoyen » an « Nation » ersetzen d'Wierder « Roi » a « Monarchie ». D'Redakteren hunn awer nach net un eng Republik geduecht, wéi den Text geschriwwe gouf. Ausserdem schléit si och den demokrateschen Toun un: d'Gläichheet virum Gesetz ass ee Prinzip dovunner, och wa sech d'Deputéiert éischter zu enger Oligarchie orientéiert hunn.
D'Constituants hu mat generellen Iddië gespillt, a méi mat theoretesche Konzepter wéi datt si déi konkret Konditioune fir e Vollek ze gouvernéiere kannt hunn. Si hu Prinzipiën no hiren Usiichten an Interessen opgestallt. Den Text gouf vun alle Regimen héichgehalen, déi sech der republikanescher Traditioun ugeschloss hunn, mee ët gouf näischt iwwert d'konkret Uwendung vun der Deklaratioun gesot.
D'Deklaratioun vu 1789 huet am 19. Joerhonnert vill ähnlech Texter an Europa an a Latäinamerika inspiréiert. D'franséisch revolutionär Traditioun gouf och an der Europäescher Mënscherechtskonventioun presentéiert, déi de 4. November 1950 zu Roum ënnerschriwwe gouf.
[Änneren] Weltierfschaft
Zënter 2003 goufen all d'Dokumenter déi mat der Déclaration des Droits de l'homme et du citoyen ze dinn hunn vun der Unesco op d'Lëscht vun de Weltierfschafte gesat.
All dës Dokumenter sinn haut an den Nationalarchiver [1] an an der Nationalbibliothéik [2] ze fannen.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Mënscherechter
- Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter vu 1793
- Universell Deklaratioun vun de Mënscherechter
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Notizen a Referenzen
1: Déclaration des droits de l'Homme et du citoyen, Art. 3
2: Déclaration des droits de l'Homme et du citoyen, Art. 2
3: Déclaration des droits de l'Homme et du citoyen, Preambel
4: Déclaration des droits de l'Homme et du citoyen, Preambel
Generell Informatiounen: Ursaachen · Deklaratioun vun de Mënscherechter · Marseillaise · Republikanesche Kalenner
Evenementer: Stuerm op d'Bastille · Assemblée constituante (1789) · Assemblée législative (1791-92) · Commune vu Paräis (1792) · Koalitiounskricher · Opstand vun der Vendée (1793, 1796) · Convention nationale · Terreur · Directoire · Consulat
Persounen: Affer vun der Guillotine · Jakobiner · Montagnards · Sans-culottes · Danton · Marat · Mirabeau · Robespierre
Séier fannen: Chronologie · Glossaire · Lëschten · Bibliographie