Ernest Hemingway
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ernest Miller Hemingway, gebuer den 21. Juli 1899 zu Oak Park, engem Faubourg vu Chicago am US-Staat Illinois, a gestuerwen den 2. Juli 1961 zu Ketchun am Idaho, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.
Den Ernest war dat zweet Kand vu sechs vum Dr Clarence Edmonds Hemingway, engem Dokter, an der Grace Hall, déi hiert ganzt Liewe mat Migrän a Photophobie geplot war. Alle béid ware se déifgleeweg Membere vun der First Congregational Church.
Den Ernest Hemingway ass scho fréi virun den Zwäng vu sengem Elterenhaus an der Schoul fortgelaf an huet een abenteurlecht Liewe gefouert.
1918 war hie fräiwëllege Sanitäter (Chauffeur beim Roude Kräiz) un der italienescher Front, 1921-27 Korrespondent an Europa, 1936-37 am Spuenesche Biergerkrich op der Säit vun de Republikaner an 1944-45 beim Débarquement vun den Alliéierten a Frankräich.
Wéi den Hemingway am Alter wéinst senger Krankheet säin Ideal vun enger stänneger Bewärung an der Erausfuederung a Gefor am Krich, beim Stéierkampf a bei der Héichséifëscherei net méi verwierkleche konnt (en huet och ugefaange blann ze ginn), huet hie sech d'Liewe geholl.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Den Nobel-Präis
Den Ernest Hemingway krut 1954 de Literatur-Nobel-Präis fir his mastery of the art of narrative, most recently demonstrated in The Old Man and the Sea, and for the influence that he has exerted on contemporary style. Wéinst senger schlechter Gesondheet war hien net mat um Banquet den 10. Dezember 1954 am Stadhaus zu Stockholm. Den amerikanesche Botschafter huet de Präis fir den Auteur entgéintgeholl.
[Änneren] Säi literarescht Wierk (Auswiel)
[Änneren] Romaner
- (1926) The Torrents of Spring : a Romantic Novel in Honor of the Passing of a Great Race , New York, Scribners
- (1926) The Sun Also Rises, New York, Scribners. Ënner dem Titel Fiesta 1927 zu London bei Cape
- (1929) A Farewell to Arms
- (1937) To Have and Have Not
- (1940) For Whom the Bell Tolls
- (1950) Across the River and Into the Trees
- (1952) The Old Man and the Sea
- (1970) Islands in the Stream
- (1986) The Garden of Eden
- (1999) True at First Light: a Fictional Memoir, New York, Simon & Schuster. Ënner dem Titel Under Kilimanjaro ass déi éischt netgekierzten Editioun eréischt 2005 bei Kent State University Press am Ohio eraus.
[Änneren] Kuerzgeschichten
- (1923) Three Stories & Ten Poems Paräis, Contact, 1923
- (1925) Cat in the Rain
- (1925) In Our Time
- (1927) Men Without Women
- (1933) Winner Take Nothing
- (1936) The Snows of Kilimanjaro
- (1938) The Fifth Column and the First Forty-Nine Stories, New York, Scribners. Gouf 1954 ënner dem Titel The Short Stories of Ernest Hemingway nees erausginn.
- (1969) The Fifth Column and Four Stories of the Spanish Civil War
- (1972) The Nick Adams Stories
- (1987) The Complete Short Stories of Ernest Hemingway, New York, Scribners, 1987
- (1995) Everyman's Library: The Collected Stories
[Änneren] Reportagen an aner Saachen
- (1932) Death in the Afternoon
- (1935) Green Hills of Africa
- (1962) Hemingway, The Wild Years
- (1964) A Moveable Feast E Buch mat Erënnerungen u seng Paräisser Zäit, dat seng véiert Fra, d'Mary Hemingway, no sengem Doud erausgouf. Et geet Rieds iwwer bekannte Literaten, déi sech an den Zwanzegerjoren zu Paräis erëmgedriwwen hunn, wéi den Ezra Pound, F. Scott Fitzgerald, de Ford Madox Ford, den James Joyce and d' Gertrude Stein
- (1967) By-Line: Ernest Hemingway
- (1970) Ernest Hemingway: Cub Reporter
- (1981) Ernest Hemingway Selected Letters 1917-1961
- (1985) The Dangerous Summer
- (1985) Dateline: Toronto
[Änneren] Filmer, déi opgrond vun Hemingway-Bicher gedréint goufen
- (1932) A Farewell to Arms (mam Gary Cooper, der Mary Philips an dem Adolphe Menjou)
- (1943) For Whom the Bell Tolls (mam Gary Cooper an der Ingrid Bergman)
- (1944) To Have and Have Not (mamHumphrey Bogart an der Lauren Bacall)
- (1946) The Killers (mam Burt Lancaster)
- (1952) The Snows of Kilimanjaro (mam Gregory Peck)
- (1957) A Farewell to Arms (mam Rock Hudson, der Jennifer Jones an dem Vittorio De Sica)
- (1957) The Sun Also Rises (mam Tyrone Power)
- (1958) The Old Man and the Sea (mam Spencer Tracy)
- (1962) Adventures of a Young Man
- (1964) The Killers (mam Lee Marvin)
- (1965) For Whom the Bell Tolls, en engleschen Tëlee-Episodefilm (45 Minutten) mam John Ronane
- (1977) Islands in the Stream (mam George C. Scott)
- (1984) The Sun Also Rises
- (1990) The Old Man and the Sea (mam Anthony Quinn)
- (1996) In Love and War (mam Chris O'Donnnell)