Jesus vun Nazaret
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jesus vun Nazaret oder Jesus Christus ass d'Bezeechnung vun engem Personnage aus der Geschicht, deem iwwert seng zäitgeschichtlech Wierklechkeet eraus vum Chrëschtentum eng transzendent Wierklechkeet zougestane gëtt (als Jong vu Gott). Den éischten Aspekt baséiert op historesche Fakten a Recherchen, wougéint den zweete sech op eng iwwernatierlech Revelatioun baséiert an dofir nëmmen am Glawen erfaassbar ass.
Et schéngt dofir sënnvoll beid Aspekter agaangs getrennt ze behandelen.
[Änneren] De Jesus vun Nazaret – den historesche Jesus
Iwwert den historesche Personnage Jesus kann een nëmmen ganz wéineg Aussoe maachen déi, no eiser heiteger Opfaassung vun historesch gesecherte Fakten, Bestand hunn. Dëst läit haaptsächlech dodrun dat et wéineg Quellen ginn déi net interesséiert sinn, d. h. déi keen Intérêt drun hunn fir de Jesus méiglechst gutt respektiv méiglechst schlecht duerzestellen. Historesch secher beluecht ass d'Tatsaach, datt heen tatsächlech gelieft huet, als Priedeger an als Wonnerheeler opgetratt ass a gekräizegt gin ass. Dëst kann een och opgrond vun nëtchrëschtleche réimesche Quellen (z.B. Sueton, Plinius d.J.).
De Jesus gouf tescht 7 a 4 v. Chr. a Galiläa, wahrscheinlech an der Stad Nazaret (also am Norden vum heitegen Israel) gebuer. (Datt seng Gebuert an den Evangelien op Betlehem verluecht gouf, huet eng theologesch Bedeitung: Betlehem war d'Stad vum David; de Jesus sollt als neien David, d.h. als Messias duergestallt gin). Hien ass 30 oder 33 n. Chr. zu Jerusalem, iergendwou baussent de Stadmauere gestuerwen. Hien war Judd an als solchen Unhänger vun der jiddescher Relioun. Während senge lëschte Liewensjoren ass hien als Wanderpriedeger opgetratt an huet e Reliouns- a Glawenspraxis gepriedegt déi d'Gottes- an d'Nächsteléift an de Mëttelpunkt stellt an net e rigoristescht Befollegen vun Geboter a Verboter. Programmatesch heifir ass d'Auso déi him zougeschriwwen gett "De Sabbat ass fir de Mënsch gemaach an net de Mënsch fir de Sabbat". Domat huet hien bei verschiddenen Deeler vun der jiddescher Autoritéit ugeëckt. Net ze ënnerschätzen am Zesummenhang vu senger Doudesstrof war och säin Opstand am Jerusalemer Tempel. Den Tempel war d'Symbol un der jüdescher Autonomie (si duerften do - trotz réimescher Besatzung - maache, wat si wollten; dofir och eng eege Währung, cf. Geldwiessler), a grad dat, wat do passéiert ass, huet de Jesus kritiséiert. Grond genug fir verschidde Judde vun där Zäit, déi réimesch Autoritéiten dervun z'iwwerzeegen, hee géif Onrou an d'Vollek bréngen, sech als Kinnek ausgin, fir datt e gekräizegt géif.
[Änneren] Jesus de Christus – de Jesus vum Glawen
Historesch beluecht ass d'Tatsaach, datt kuerz Zäit nom Jesus sengem Doud e radikale Changement am Verhale vu sengen Unhänger festzestellen ass: Si versammelen sech nees, erziele vum Jesus a versichen, anerer derzou ze bekéieren. Si beriichte vun "Erscheinungen". Des Erscheinunge hun de Jünger d'Gewëssheet gin, datt de Jesus lieft. Vun dunn un ass heen als Christus (d.h., der Etymologie do, dem Gesaaleften) veréiert gin, woubäi d'Taatsaach vun den Erscheinungen, d.h. d'Tatsaach, datt de Jesus vun den Doudegen operstanen ass, net duergeet als Begrëndung fir déi noéisterlech Christologie. Villméi war scho viru sengem Doud en dementspriechenden Hoheitsanspruch präsent.