Primzuel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Primzuel nennt een all natierlech Zuel p, déi just duerch 1 a p (also sech selwer) ouni Rescht gedeelt ka ginn, woubäi déi zwee Deeler vunenee verschidde musse sinn.
Déi klengste Primzuele sinn:
- 2, 3, 5, 7, 11, 13, 17, 19, 23, 29, 31, 37, 41, 43, 47, 53, 59, 61, 67, 71, 73, 79, 83, 89, 97, 101, ...
Et gëtt onendlech vill Primzuelen (cf. Théorème vum Euklid).
Déi gréisste bekannte Primzuel ass am Ament = 232.582.657 − 1, eng Zuel mat 9.808.358 (dezimalen) Stellen, déi den 4. September 2006, vum Curtis Cooper an Steven Boone fonnt gouf. Des zwee Professoren vun der Universitéit vun Zentral-Missouri sin Memberen vun enger grousser Kollaboratioun, dem GIMPS-Projet, op der Sich no groussen Primzuelen.
Déi nächst gréisst bekannten Primzuelen sin = 230.402.457 − 1 (9.152.052 Dezimalstellen) an 225.964.951 − 1 (7.816.230 Dezimalstellen).
All déi gréissten bekannten Primzuelen sin sougenannt Mersenne-Primzuelen, also an der Form 2n − 1, wou n eng ganz Zuel ass.
Primzuele fannen Uwendung a verschiddene Beräicher baussent der renger Mathematik, a besonnesch an der Kryptographie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Literatur
- Narkiewicz, Władysław: The Development of Prime Number Theory. From Euclid to Hardy and Littlewood, Springer-Verlag, Berlin, 2000. 448 Säiten. Mat geschichtlechem Iwwerbléck a Betounung op d'Wierk vun Cebysev, Dirichlet, Riemann, Vallée-Poussin, Hadamard a Landau.