Finanzplaz Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als international Finanzplaz hëlt Lëtzebuerg haut de Verglach mat Zentre wéi Frankfurt, Paräis oder London op. D'Finanzplaz Lëtzebuerg figuréiert haut u 7. Plaz, wat d'Importenz vun dem do investéierte Kapital ugeet an un 2. Plaz, wann een d'Importenz vun de Mëttele berücksichtegt, déi d'Investmentfongen zu Lëtzebuerg verwalten.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Virgeschicht
Den eéischte wichetege Schrëtt an der Entwécklung vun de Finanzaktivitéiten ass 1929 gemeet ginn, wéi eng Holding-Gesetzgebung agefoueert ginn ass. An dësem klenge Land, dat nach kee Réseau vun Duebelbesteierungsofkommen hat, ass et drëm gaang, fir durch dëst selbststännegt Virgoen e Bäitrag zur Verhënnerung vun enger Duebelbesteierung ze leeschten. Am selwechte Joer 1929 ass och d'Lëtzebuerger Bourse opgaang. Si war 1927 op gesetzlescher Basis geschaf ginn. Dat ass deemools aus enger internationaler Perspektive eraus geschitt.
D'Wirtschaftskris an der Welt huet leider verhënnert, datt déi zwou Initiativen onmëttelbar voll zum Droe komm sinn. Zum richtegen Opschwonk vu Lëtzebuerg als Finanzplaz ass et eréischt nom Zweete Weltkrich komm, wéi d'Europäesch Kapitalmäert sech entwéckelt hunn, an zu Lëtzebuerg weider Efforte gemeet gi sinn, fir seng Ausgangspositioun ze verbesseren. Den Ofschloss, lues a lues, vun enger grousser Zuel vun Duebelbesteierungsofkommen mat auslännesche Länner war nëmmen ee vun dësen Elementer, déi sech positiv ausgewierkt hunn.
[Änneren] Natierlech Trëmp
- Villsproochegkeet
- International Astellung vun der Populatioun,
- Europäesch Vocatioun,
- Existenz vun den noutwennegen Infrastrukturen, Bourse an Holdingsgesetz
- Strengt Bankgeheimnis,
- Gënsteg Besteierung,
- Präsenz vun europäesche Finanzorganen, Generaldirectioun Crédits et Investissements vun der CECA an Europäesch Investitiounsbank
- Efficace Bankenopsiicht, haut: Commission de surveillance du secteur financier,
- Kompetent Assurancenopsiicht, haut: Commissariat aux assurances.
- Héije Bankenstandard duerch exigent Zouloossungsregelen,
- Ofsécherung géint d'Geldwäsch an d'Criminalitéit.
[Änneren] Den Opschwonk vun de grondleeënden Activitéiten
[Änneren] Emissioun vun internationalen Anleihen
No 1945 war New York gewëssermoossen deen eenzege grousse Kapitalmaart, wou Anleihen, meeschtens an Dollar, emettéiert si ginn. Dat huet sech vun 1963 u geännert, wéi d'USA Beschränkungen, wéi d'Aféierung vun enger Zënsausläichsteier, beschloss hunn. Doduerch goufen dës Emprunten méi deier an en Eurodollarmaart an en Euroemissiounsmaart sinn an Europa an op anere Plazen an der Welt entstan. Vun dësem Kuch hunn d'Lëtzebuerger Banken sech e gutt Stéck erofgeschnidden. Si hunn et verstan, sech féirend an den Emissiounskonsortiumen ze positionéiren an och nei komposit Währungsunitéiten (wéi d'Unité de compte an den Eurco ze erfannen, an deenen dës Emprunten eemettéiert si ginn, an zwar fir doduerch de Währungsrisiko ofzeschwächen. D'Lëtzebuerger Bourse huet genuch dovu profitéiert. Hire Kursziedel mat cotéierten Emprunten ass ëmmer méi laang ginn.
Et war u sech den Eurodollarmarché, deen d'Bankeplatz Lëtzebuerg richteg am internationalen Ëmfeld lancéiert huet. Vun dëser Réputation an och dem Knowhow huet se och herno bei ganz anescht ausgeriichte Geschäftsfelder profitéiert.
[Änneren] Iwwerstaatlecht Kreditgeschäft
Lues a Lues hunn d'auslännesch Banken Intressi kritt, fir um Eurogeschäft zu Lëtzebuerg ze partizipéieren. Déi däitsch Banken hunn ugefaang domat. Däitschland hat nämlech, fir d'Evolutioun vun de Krediter ze bremsen, d'Banken zur Oprechterhalung vu Mindestreserve bei der Bundesbank verflicht. Doduerch goufen an Däitschland d'Kreditzousoen zugonschte vu Krediter un däitsch Clienten méi deier an déi Lëtzebuerger Platform ass fir däitsch Banken interessant ginn. D'Präsenz vun den däitsche Banken huet och Banken aus anere Länner op Lëtzebuerg gezunn, besonnesch déi Banken, déi och am Euro-DM-Geschäft aktiv sinn. Dat war de Grond, firwat Lëtzebuerg sech zum wichtigste Finanzzentrum am Euro-DM-Gechäft entwéckelt huet.
[Änneren] Dommiziliatioun vun Investmentfongen
Eng aner Aktivitéitsspart bilden d'Investmentfongen, déi zu Lëtzebuerg domiciliéiert an och do geréiert ginn.
An der Nokrichszäit goufen d'Autoritéite sech bewosst, datt d'Méiglechkeete vun der Holdingesetzgebung nach méi konsequent kënnten ausgeschefft ginn. A deem Gedankegang gouf d'Applicatioun vun hire Potentialitéien 1959 op d'Investmentfongen an och op Finanzéirungsgesellschafte vun sougenannte Multien ausgedeeent. Dat huet d'Créatioun vun den OPC (Organes de placement collectif) stimuléiert. 2004 waren 1909 Investmentfongen mat engem Gesamtavoir vun ongeféier 1 Mrd Euro zu Lëtzebuerg domiziliéiert. Déi 1988 gegrënnten ALFI (Association Luxembourgeoise des Fonds d'Investissement) huet zur Promotioun vun den OPCen zu Lëtzebuerg weesentlech bäigedroen. Haut figuréiert Lëtzebuerg no den USA nämlech un 2. Plaz wat d'Importenz vun OPC-geréirten Avoiren ugeet.
[Änneren] Intensificatioun vum Privatkonnengeschäft
Et war haaptsächlech d'Entwécklung vum personalintensive Privatkonnegeschäft an den Ausbau vun den Investmentfongen, déi, vun den nonzeger Joren un, zou enger staarker Augmentatioun vun de Beschäftegten an de Banke gefouert hunn. Hir Zuel huet sech op 22.554 am Joer 2004 erhéicht. Dat sinn 10% vun der aktiver Populatioun. D'Privatkonnegeschäft gouf bewosst vun alle Banken, de Guichetsbanken an den aneren international ausgeriichte Banken ausgebaut, well een Abroch vun de Gewënnmargë sech am internationale Kreditgeschäft bemierkbar gemeet huet an d'Banken hir Aktivitéiten dofir nei hu missen ausriichten.
[Änneren] International Assurancentätegkeet
D'Finanzplaz Lëtzebuerg war bis spéit an déi siwwenzeger Joren ausschliisslech op d'Aktivitéite vun de Banken obgebaut. Déi deemoleg Regierung ënnert dem Staatsminister Pierre Werner huet et iewer als nëtzlech an noutwenneg ugesinn, fir dës Aktivitéiten ze diversifizéiren an auszebauen. De Moment war konsequent gewielt. Well duerch d'Aféierung vun engem fräien Déngschtleeschtungsverkéier, deen och fir d'Assurance gëlteg ginn ass, gouf et méiglech, vun engem Standuert aus an alle Länner vun der Communautéit ze operéieren. An hirer Regierungserklärung vum 24. Juli 1979 heescht et:
"Paralleel zum Opschwong vun de Bankenaktivitéiten, favoriséiert d'Regierung och d'Entwécklung vun anere Branchen am tertiäre Sekteur (Assurancen, Reassurancen, international Handelsaktivitéiten, Marketing, Studiebureauen, Expertisen, Legal Uerde vun Architekten an Experts comptablen)".
Duerfir huet D'Regierung am Ausland eng Prospectioun vun den neie Méiglechkeeten ënnerholl. Mee si huet och déi déi gesetzlech Bestëmmunge geännert, déi dëser Ausriichtung am Wee kënnte stoen. Mat Bezuch op d'Assurancen ass dat iwwer zwee Gesetzer geschitt:
- Gesetz vum 24. Februar 1984, a méi ausféierlech nach opgrond vum
- Gesetz vum 6. Deezember 1991.
Dës zwee Gesetzer hunn ënnert anerem bewierkt:
- eng Reglementatioun vun der Réassurance,
- d'Aférung vun der Aktivitéit vum Brouker, eng Aktivitéit, déi virdrunn zu Lëtzebuerg verbuede war, ouni déi en internationalen Assurancenzentrum awer net denkbar ass,
- eng Réglementatioun fir Assurancen, déi am Kader vum fräien Déngschtleeschtungsverkéier operéieren,
- d'Festleeung vun de Garantien, déi d'Assurance bidde mussen,
- nei Précisioun vun de Kompetenzen vun der Assurancenopsiicht, dem neigeschafene Commissariat aux Assurances, am Hibléck op eng efficace Kontroll vun dësem Sekteur.
An der éischter Entwécklungswell waren et Captive-Assurancen, déi sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn. Wéi d'Bahamen ass och d'Finanzplaz Letzebuerg zu engem Zentrum fir Captiv-Assurance ginn.
Hei d'Zuel vun den Assurancen, déi 2003 zu Lëtzebuerg etabléiert waren:
- Lëtzebuerger Sociétéiten: 78
- Succursallen: 14
- Pensiounsfongen: 3
- Am ganzen: 95
Déi europäesch Bedeitung vum Assurancesekteur gëtt däitlech gemeet duerch d'Importenz vun den Operatiounen, déi iwwert d'Lëtzebuerger Grenze eweg (Libre Prestation de services) ofgewéckelt ginn. Iewer och duerch den Opschwong vum Réassurancë-Sekteur. 2003 waren nämlech 270 Réassurancen zu Lëtzebuerg zougelooss mat engem Primenopkomme vun 2.902 Mio. Euro.
[Änneren] Entwécklung vun zousätzlechen Dengschtleeschtunssparten.
Aner Dengschtleeschtungsparten hu sech vun 1980 un, am Schied vun der Finanzplaz, och séier ausgebreet:
- d'Recherche,
- d'Déngschtleeschtungen un d'Enterprisen, wéi d'Informatik,
- d'Prestatiounen um Gebitt vun de Communicatiounen an den Transporter an
- d'Aktivitéite vu kommerziellen Agencen a Servicer, besonnesch am Immobiliesekteur.
- d'Schafung, am Joer 1990, vun engem Lëtzebuerger Pavillon maritime an Domiciliatioun vu Schëfffahrtgesellschaften
[Änneren] D'Infrastrukturen
- Ëmmer méi Intermédiairen (Broker asw.),
- Eng Bourse mat engem laange Kursziedel,
- Aktiv Beruffsvertriedungen: ABBL fir d'Banken, d'ACA, fir d'Assurancen.
- Eng wierksam Bankenopsiicht an Assurancenopsiicht,
- Eng onofhängeg Zentralbank,
[Änneren] D'Lëtzebuerger Finanzplaz an der Europäescher Perspective
Eng vu de Froen, déi laang an der EU an och op der Lëtzebuerger Finanzplaz mat Nodrock diskutéiert ginn ass, war déi vun der Quellesteier. Zu Lëtzebuerg gëtt nämlech op de Coupone vun Obligatioune keng Quellesteier erhuewen (Nëmmen d'Coupone vun einheimeschen Aktien ënnerleien enger Quellesteier). Hei gouf gefaart, d'Verallgemengerung an der EU vun der Steier op den Zënse kënnt zu enger Verlagerung vun den europäeschen Kapitalmäert a Länner baussent der Europäescher Communautéit féieren. Am Joer 1963 war d'Europäesch Commissioun an hirem Rapport Segré zwar zum Schluss komm, den Euromaart wier nëmmen ouni Couponsteier denkbar, a si huet deemools fir hir allgemeng Ofschafung plädéiert. Wéi se sech mat deer Iddi awer net duerchsetze konnt, koum si zur Conclusioun, d'Harmonisatioun vun de Wettbewerbsbedingungen op den Europäesche Kapitalmäert misst iwwert de Wee vun enger Verallgemengerung vun der Couponssteier an der EU geschéien. Si huet gemengt, datt domat och déi brenzelech Fro vun der Steierhannerzéiung geléist wier. Et koum zu engem Kompromëss, deen den 1. Januar 2006 a Kraaft trëtt. Hie gesäit vir:
- d'Aféierung vu Kontrollmatdeelungen iwwert d'Zënserträg tëschent allen nationale Steierverwaltungen, mat Ausnam vun der Belsch, Éisträich a Lëtzebuerg.
- d'Aféierung an de leschtgenannte Länner vun enger Quellesteier vu 15%, déi bis op 35% am Joer 2012 soll klammen.
- d'Bedingung, datt déi vun den EU-Memberlänner ofhängeg Territoiren an och Drettlänner (Schwäiz, Lichtenstäin, Andorra, Monaco, San-Marino an d'USA) sech deem Accord virdrunn uschléisse missten, wat lo geschitt ass.
D'Gefor, datt d'international Kapitalmouvementer duerch d'Aféierung vu Kontrollmeldungen an enger Quellensteier iwwer Drëttlänner géife lafe war aus der Welt geschaf an d'Oprechterhalung vum Bankgeheimnis op der Finanzplaz Lëtzebuerg domat méiglech.
[Änneren] Literatur
- Jean Dargent: Luxembourg, place financière internationale, Service Information et Presse, Luxembourg, 1972
- Michael Bartsch, H. Wittenberg: Finanzplatz Luxemburg, Verlag Moderne Industrie,Landsberg/Lech, 1988
- Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg,Université Internationale de sciences comparées, Luxembourg, 1968
- Delvaux, E. Reiffers Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg – Etude pratique de la loi du B. 31 juillet 1929, Imprimerie Victor Buck, 5e édition, Luxembourg,1969
- Ernest Mühlen: Les marchés européens des capitaux, Université Internationale de sciences comparées, Luxembourg, 1970
- François Biltgen, Ernest Mühlen: La loi du 6 décembre 1991 sur le secteur des assurances : consolidation et perspectives de la place des assurances et réassurances, Collection Réalités et Perspectives, n°3-1992, Banque générale du Luxembourg, Luxembourg, 59 p